Wie wäert Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest zu Basel vertrieden?

Fir eng Äntwert op dës Fro ze fannen, gouf de Weekend déi éischt Etapp geholl. An dat mat den Audtions vun deene Kandidaten, déi sech fir dëst Joer ugemellt haten. Déi international Jury huet sech 53 Kandidate mat am ganzen 79 Songs ugelauschtert. Déi nächst Decisioun ass dann elo, wéi eng Sängerinnen, Sänger oder Bands an d'Finall kommen an dann am Januar um Luxembourg Song Contest an der Rockhal géinteneen untrieden.

Klengen Avant-Goût

Mir weisen Iech wéi d’Kandidaten an d'Jury dës Auditions erlieft hunn a wéi eng bekannte Gesiichter, awer och Newcomer sech hei an der RTL City virun d'Jury getraut hunn.

Al Bekannter an och Newcomer bei den LSC-Auditions
Wie wäert Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest zu Basel vertrieden?