Ënnert dem Motto "Let's Bloom" war dëse Samschdeg 16. November déi 22. Editioun vum Junior Eurovision Song Contest.
Bei der 22. Editioun vum Junior ESC gouf et eng Victoire fir den Andria Putkaradze mam Lidd "To My Mum". De jonke Kënschtler hat um Enn 239 Punkten a krut souwuel vum Public wéi och vun der internationaler Jury déi meescht Punkten.
Portugal koum op déi zweet Plaz mat 213 Punkten, virun der Ukrain op der drëtter Plaz (203 Punkten).
Georgien ass iwwregens Rekordgewënner vum Junior ESC. Si konnte bis ewell 4 Mol gewannen.
17 Länner waren e Samschdeg den Owend zu Madrid géinteneen ugetrueden. Beim Junior ESC presentéiere sech Kënschtler tëscht 9 a 14 Joer op der internationaler Bün.
Eng éischte Kéier gouf dëse Contest jo och op der Lëtzebuerger Tëlee gewisen, beim deem och de Lëtzebuerger Public konnt mat ofstëmmen.
Spuenien war d'lescht Joer als Zweetplacéierten am Gesangscontest fir déi jonk ESC-Participanten ervirgaangen an hat de Contest dofir zu Madrid am bekannte Sportskomplex Cja Màgica organiséiert. Frankräich hat no zwee Junior-ESC-Shows an dräi Joer refuséiert, den ESC Junior nach emol auszedroen.
D'Länner, déi matgemaach hunn:
Land | Interpret | Lidd | |
1 | Italien | Simone Grande | |
2 | Estland | Annabelle | "Tänavad" |
3 | Albanien | Nikol Çabeli | "Vallëzoj" |
4 | Armenien | Leo | "Cosmic Friend" |
5 | Zypern | Maria Pissarides | "Crystal Waters" |
6 | Frankräich | Titouan | "Comme ci, comme ça" |
7 | Nordmazedonien | Ana & Aleksej | "Marathon" |
8 | Polen | Dominik Arim | "All Together" |
9 | Georgien | Andria Putkaradze | "To My Mum" |
10 | Spuenien | Chloe DelaRosa | "Como la Lola" |
11 | Däitschland | Bjarne | "Save The Best For Us" |
12 | Holland | Stay Tuned | "Music" |
13 | San Marino | Idols SM | "Come noi" |
14 | Ukrain | Artem Kotenko | "Hear Me Now" |
15 | Portugal | Victoria Nicole | "Esperança" |
16 | Irland | Enya Cox Dempsey | "Le chéile" |
17 | Malta | Ramires Sciberras | "Stilla ċkejkna" |