Déi siwe Finaliste stinn zanter November fest, bis zum LSC am Januar ass et quasi just nach ee Kazesprong.

A fir de 25. Januar optimal preparéiert ze sinn, goufen um leschte November-Weekend Workshoppe fir d'Finalisten am RTL-Gebai organiséiert. Zoustänneg fir dëse Coaching sinn zwou Persounen, déi scho méi laang an der Welt vun der Musek, ma och an der ESC-Welt doheem sinn, d'Francesca Aaen an d'Susanne Georgi.

E Maximum aus de Workshoppen eraushuelen

Do ware sech béid Coachen eens. Natierlech geet et drëms, sech ze verbesseren, ma et geet och drëm, nei Connections ze knäppen. A grad dorëms geet et an der ESC-Welt, et ass manner d'Gewannen, och wann dat d'Haaptzil vun all Competitioun ass, et ass den Zesummenhalt tëscht all de Kënschtler. Dat hätt ee schonn d'lescht Joer séier gemierkt, wéi de Gruppenzesummenhalt sech verännert, wann een zesummen trainéiert.
 
Tatsächlech mierkt een dat am Backstage vun esou ESC-Showen. D'Konkurrente sinn u sech keng Konkurrenten. Do gëtt zesumme musizéiert, gesongen, gedanzt a gelaacht. "Et entsti Frëndschafte fir d'Liewen", wéi d'Kandidate betounen, déi schonn d'lescht Joer dobäi waren.

Ma et geet och drëm ze léieren, wéi et an deem Business leeft an alles, wat et mat sech zitt. Wéi kann ee seng Stëmm besser entfalen, wéi muss ee sech halen, wéi ginn ech mat Social Media ëm an nach vill méi.

Eent kruten all d'Kandidate verséchert, "et wäerten och schwiereg Momenter kommen", ma och dofir ass et gutt, sech ënnerteneen ze verstoen. Och wann ee Konkurrenz ass, e Konkurrenzgefill soll net opkommen.

"Mir wäerten och streng sinn"

De Message ass kloer: Kritik dierf een net perséinlech huelen. Et wäert een och emol eppes gesot kréien, wat engem vläicht net gefält oder den Toun ka mol méi sec sinn. Dat wier just zum beschte vun all Eenzelen, dat dierf een net vergiessen. An an dësem Business muss ee breet Schëlleren hunn.

Den néidege Knowhow bréngen d'Coachen net just duerch hir jorelaang Erfarung mat, zesummen hu si och d'Agence "Stars Studios Andorra" gegrënnt, wou Talenter net just gefërdert ginn, mä Songs geschriwwen an och opgeholl ginn. Hei ginn aus Stärercher Stare gemaach."Mir schaffen net just un de Vocals an un der Performance, mir schaffen um Gesamtkonzept."

D'Susanne Georgi huet selwer iwwer 500 Lidder rausbruecht oder geschriwwen, si weess also, vu wat si schwätzt. D'Francesca Aaen war selwer laang Joren am Theater an an der Oper doheem. Si bréngen net just perséinlech Erfarung mat, mä och vill Erfarung an der ESC-Welt.

"Sech wuelfillen"
 
E puer vun den Talenter wäerten eng alleréischte Kéier op enger Bün oder trieden iwwerhaapt emol eng éischte Kéier viru groussem Public op. Dat verlaangt vill Preparatioun a ganz wichteg, d'Bün soll keng Angscht maachen. 
 
Nieft dem Zesummenhalt ënnerteneen, ass Spaass hunn, grouss geschriwwen. Egal wéi, negativ Gedanken a Stëmmung muss een dobausse loossen. Et ass en Job, deen een hei z'erfëllen huet. Zil vun all Museker ass et jo, dovu liewen ze kënnen. Soubal een op der Bün steet, muss ee kënnen ofliwweren.
 
Dem Gros oder besser gesot, all de Kandidate steet dës Mammutaufgab bevir, léieren wéi een ofliwwert. Zu Basel gëtt just een Talent pro Land gesicht, ob eenzel oder als Band. Eent ënnersträiche béid Coachen awer: "Dir hutt et bis heihi gepackt. Dat ass net näischt a schonn elo kënne sech nei Dieren opmaachen. Dat hei ass eng riseg Chance fir jidderee vun iech."

Fir d'éischt muss awer mol geschafft ginn, fräi nom Motto: "Dir sidd gutt, mä lo musst Dir besser ginn".

Léieren ootmen

Sport a Sange verdréit sech gutt, ma dat alleréischt, wat all Kandidat muss léieren: ootmen... a lafen - entweder dobaussen oder um Lafband. Dat hu mer nach vum Tali an Erënnerung. Den Ënnerscheed kruten d'Finalisten dann och am direkte Verglach, mat Hëllef vun Opname vum Tali wärend der LSC-Finall an herno um ESC. Den Ënnerscheed ass enorm. Virun allem och dofir ass dëse Coaching.

Munch ee freet sech vläicht elo, wisou een esou ausser Otem ass, och wann ee sech op der Bün net sou vill beweegt. Do kënnt den Adrenalin an d'Spill. An dee kënnt, ob geüübt oder net, soe béid Coachen. De Kierper verhält sech do änlech wéi bei enger sportlecher Leeschtung.
 
Alles léiert sech...

Eppes kruten d'Kandidaten all mat op de Wee ginn: "Du muss gesi ginn" an dofir muss een och Kompromësser agoen. Säi Wëllen duerchsetzen an net op d'Leit lauschteren, funktionéiert an dësem Business net.

An der Rockhal kréien d'Finalisten deemno en Avant-goût, wéi haart dëse Business ass a wat ee muss matbréngen. En Dag fräi gëtt et bis op Weideres net fir d'Kandidaten, mol bis Januar. Fir de Gewënner geet et weider bis Mee, bis zum Eurovision Song Contest 2025.