Dat ka just um "Stefan-Raab-Effekt" leien, fir d'däitsch Virentscheedung vum ESC hu sech nämlech esou vill Museker gemellt wéi zanter 2010 net méi.

Si mer mol éierlech, zanter de Stefan Raab seng Fangere net méi mat am Spill hat, war et ëm eis däitsch Noperen a punkto Eurovision Song Contest och net méi net sou gutt bestallt. 2010 konnt de bekannten Entertainer mat senger proposéierter Kandidatin, dem Lena Meyer-Landrut, de Museksconcours fir Däitschland gewannen. Zanterhier huet sech d'Land dunn awer net méi sou gutt konnte positionéieren.

Vill erhoffe sech wuel mam Stefan Raab mat un der Spëtzt, dass et dann och mam ESC nees klappe wäert. Wéi däitsch Medie mellen, hu sech dann och tatsächlech 3.281 Sängerinnen, Sänger a Bands ënner dem Titel "Chefsache ESC 2025 - Wer singt für Deutschland?" gemellt. Dorënner wieren och schonn etabléiert Kënschtler "mat beandrockende Karriären", ma och vill nei Talenter. Deen eelste Kandidat wier 83 Joer al a bal 20% wiere Bands.

24 wëll een der erausfilteren, wéi et heescht. Dës trieden dann an dräi Liveshows bei RTL an Däitschland, de 14., 15. an 22. Februar, géinteneen un. Do decidéiert de Jury, wie weiderkënnt. De Gewënner gëtt dann den 1. Mäerz designéiert an dat entscheet de Public.