E Sonndeg hu sech déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest zu Diddeleng um Chrëschtmaart getraff, fir do gemeinsam Chrëschtdagslidder ze sangen.

Et war déi éischt Méiglechkeet, d'Kandidaten emol alleguerten am Asaz ze gesinn. Eng ganz Partie Chrëschtdagslidder goufe A cappella an ouni technesche Support gesongen an sou gouf de Leit Loscht op Chrëschtdag gemaach.

Mat Glühwäin an der passender Tenue huet déi flott Aktioun séier geklappt, och wann et wéinst der Keelt net sou einfach fir d'Stëmmbänner war. Esou ganz laang kenne sech déi siwe Kandidaten jo och nach net alleguer, ma et huet een hei awer scho gesinn, datt si zu enger klenger LSC-Famill zesummegewuess sinn. Um Enn ka jo just ee Museker, respektiv Band fir de Eurovision Song Contest op Basel fueren.

Natierlech hunn et sech d'Familljen an d'Frënn net huele gelooss, fir op den Diddelenger Chrëschtmaart laanscht ze kommen, well och fir déi ass dës Zäit, bis bei déi grouss Show de 25. Januar zimmlech opreegend.
 
D'Präparatiounen am Kader vun der Liveshow fir de Luxembourg Song Contest am Januar lafen iwwerdeems op Héichtouren. Nach virun de Feierdeeg sollen de Kandidaten hir Lidder erauskommen an och de Presale vun den Tickete fir d'Show an der Rockhal gëtt lancéiert.