De 25. Januar 2025 ass d'Liveshow, an där de Kandidat, d'Kandidatin oder d'Band designéiert gëtt, dee Lëtzebuerg um Eurovison Song Contest an der Schwäiz soll vertrieden.

Déi eng oder aner ganz Ongedëlleg hu schonn dono nogefrot. Elo ass dann deen Datum gewosst, op dee sécher scho vill ESC-Fans hei am Land gewaart hunn. Ma do virdrun ass jo nach den nationale Virentscheed.

De 25. Januar mussen déi siwe Finaliste vum Luxembourg Song Contest op der Bün an der Escher Rockhal weisen, wat si an de leschte Woche geléiert hunn an de Coaching-Sessiounen.

Wien dat wëll live gesinn, dee muss sech dëse Freideg, 13. Dezember um 16 Auer prett halen. Deen Ament ginn d'Ticketen offiziell um Site vun der Rockhal an d'Vente.

A wien nach an Erënnerung huet, wéi séier d'Ticketen d'lescht Joer vergraff waren, dee sollt natierlech op kee Fall verpassen, sech zum richteg Moment säin Entréesbilljee fir de Luxembourg Song Contest 2025 z'ergatteren. D'Präisser leie vu 55 Euro den Ticket un (ouni Fraisen).

Wie sinn déi siwe Finalisten:

  • d'Laura Thorn
  • d'Band One Last Time
  • de Luzac
  • d'Band Rhythmic Soulwave
  • d'MÄNA
  • d'Rafa Ela
  • d'Band ZERO POINT FIVE

D'Detailer vun eise Finaliste kënnt Dir nach emol HEI noliesen.

RTL

© RTL Grafik