Nodeems déi siwen LSC-Finalisten zanter Ufank Dezember offiziell bekannt sinn, ass et elo un der Zäit, sech déi jeeweileg Lidder unzelauschteren.

Tëscht 6.40 an 11.10 Auer hu mer exklusiv fir eng alleréischte Kéier d'Lidder um Radio diffuséiert, déi d'Finalisten de 25. Januar an der Rockhal wärend der Liveshow presentéiere wäerten. De Gewënner dierf säi Lidd den 13. oder 15. Mee, wann déi zwou Halleffinallen an der St. Jakobshalle zu Basel an der Schwäiz sinn, offiziell op der Bün virdroen.

RTL

D'Lidd ass e Latin-Pop-Song iwwer d'Muecht an d'Onofhängegkeet vu Fraen, sou d'Sängerin, déi sech dowéinst och gutt domat identifizéiere kann. Entstanen ass "No Thank You" an enger Kollaboratioun mam schweedeschen Duo Christoffer Jonsson a Johan Jämtberg.

Rafa Ela - No Thank You
RTL

Op hirem éischte Songwriting Camp huet eng Renconter mat engem Outsider alles un d'Rulle bruecht. Eraus koum e Lidd, mat der Identitéit vun der Band awer an de Faarwe vun der Eurovisioun.

ZERO POINT FIVE - Ride
RTL

Eng aner musikalesch Richtung huet d'Laura mat sengem Lidd als Hommage un d'France Gall ageschloen. Lëtzebuerg hat jo mat Poupée de Cire, Poupée de Son viru genee 60 Joer d'Eurovisioun fir sech entscheet.

Laura Thorn - La Poupée Monte Le Son
RTL

Dës Kéier bréngt d'Pop-Rockband e Stéck mat der eegener Handschrëft, vill Hoffnung an nach méi Motivatioun mat, entstanen aus der Fieder vum Sänger Andrea Galleti.

One Last Time - Gambler's Song
RTL

An hirem Lidd, e Resultat vun engem längeren Austausch mat de schweedesche Songwriter Mattias Skantze a Robin Larsson, erzielt d'Sängerin iwwer hir Erfarung no enger ganz schmäerzvoller Trennung.

MÄNA - Human Eyes
RTL

Dëse Song ass um alleréischten ESC-Songwriting Camp hei am Land am September dëst Joer entstanen an hëlt de Sänger, wéi hie selwer verroden huet, aus senger "comfort zone".

Luzac - Je danse
RTL

E Familljeprojet an eng Häerzensugeleeënheet, bei deem déi ganz Bandmembere matzéien a Richtung Eurovisioun, esou resuméiert sech d'Lidd wuel am beschten.

Rhythmic Soulwave - Stronger

Fannt alleguer d'Detailer ronderëm de Luxembourg Song Contest 2025 an eisem Liveticker oder op dräi Sproochen - Lëtzebuergesch, Englesch a Franséisch - op Eurovision.lu.