All d'Kandidate vum Luxembourg Song Contest am Portrait. Den Ufank mécht de Luzac.

De Luzac oder Lucas, wéi hie mat richtegem Numm heescht, huet 27 Joer. Mat aacht Joer koum seng Passioun fir d'Musek. Dat war deen Ament, wou hie fir déi éischte Kéier "High School Musical" gesinn huet. De Belsch-Lëtzebuerger mat tuneeseschen Originnen huet och en Zwillingsbrudder. Musikalesch géing hie sech als e Chameleon bezeechnen – Pop, Rap, Country-Pop sinn alles Museksrichtungen, déi him leien. 
 
Dräi mol d'Woch geet de Luzac an de Fitness, verbréngt awer och gär vill Zäit doheem. Do huet hien nämlech och e Raum, an deem hien zimmlech vill Zäit verbréngt. Et ass seng kreativ Stuff an et ass och do, wou Lidder entstinn. Ma net just, hie produzéiert do Contenu fir Social Media an et ass awer och d’Plaz, wou hie Videospiller spillt. Eng Passioun, déi sech schonn a ganz jonkem Alter entwéckelt huet. Besonnesch, wann hien emol keng Loscht op Musek huet, wier dat déi perfekt Alternativ.

Elo zielt hien zu de siwe Finalisten, déi de 25. Januar an der Rockhal géinteneen untrieden. "Je Danse" heescht dem Luzac säi Lidd um LSC. E Lidd, wat hien am November op engem Song Writing Camp an der Rockhal zesumme mam Edsun, engem vun de Finaliste vum leschte Joer, geschriwwen huet.

Luzac - Je danse

De Lucas an de Luzac wieren iwwregens keng zwou verschidde Persounen an awer soll de Kënschtlernumm do sinn, fir tëscht him an dem professionelle Museker ze ënnerscheeden.

Am Reportage treffe mir de Luzac awer och zu Stroossen,  wou hien als Educateur gradué schafft. De Beruff vum Educateur gefält him immens gutt an hie bereit et net, dësem Beruffswonsch nogaangen ze sinn. Bei Frënn an Aarbechtskolleegen ass de Luzac iwwerdeems gutt ugesinn, hie wier en Team-Player.
 
Beruff a seng Passioun verbannen, mécht hien och heiansdo an hëlt dann och mol jonk Leit mat an den Tounstudio. An den nächste Woche muss hien dann och kucken, wéi een den LSC an de Beruff ka matenee verbannen. Sollt et dono bis op Basel goen, géing hien driwwer nodenken, Congé sans solde unzefroen. Dat ass awer Zukunftsmusek, elo ass et mol um Luxembourg Song Contest.