Mam 24 Joer jonke Laura Thorn stelle mir Iech déi zweet vu siwen LSC-Kandidate vir.
D'Laura Thorn mécht hiert Liewe laang scho Musek. Mat Solfège, Piano an Cello war de musikalesche Parcours vun Ufank u villfälteg. Nodeems si am Lycée op der Musekssektioun ukoum, huet si de professionelle Wee vun der Musek ageschloen an huet Pop-Gesang, Solfège souwéi Pedagogie musicale studéiert.
Fir de Luxembourg Song Contest ass dat eng stabil Basis, ma och reegelméissege Sport hëlleft, fir sech op den Optrëtt virzebereeden, sou déi ambitionéiert Sängerin. A well dat Instrument en Deel vum Kierper ass, misst si sech och gutt ëm déi eege Gesondheet këmmeren. De Sport hëlleft net just, fir fit ze bleiwen, mee garantéiert gläichzäiteg eng besser Qualitéit vu hiren Optrëtter.
Donieft wier de Sport och e Mëttel, fir d'Ootmung ze trainéieren. Well ee beim Sangen déif Loft brauch, géif de Sport een dru gewinnen, fir ausser Otem ze sinn.
Fir d'Laura sinn hir Elteren eng grouss Ënnerstëtzung. Hir Mamm huet awer drop higewisen, dass si elo an der Ëffentlechkeet steet a sech dofir och op negativ Kriticke misst preparéieren. "Et drop opmierksam maachen, dat hunn ech schonn direkt den éischten Dag gemaach. An ëmmer fir et do sinn, wann et mech brauch", esou hir Mamm.
Obschonns de Luxembourg Song Contest och Stress mat sech bréngt, geet d'Laura dat Ganzt mat enger positiver Astellung un. "Ech denke mir ëmmer, oh cool, nach eng Geleeënheet méi, nach en Interview méi. Dann huet ee vill ze dinn, mee dat ass besser wéi doheem ze sëtzen a sech ze langweilen."
Am Reportage hu mir d'Laura am Fitness a bei sech doheem getraff. Nach eng aner wichteg Plaz ass de Conservatoire zu Esch, well do gëtt si Solfège- a Gesangskueren. Ma elo huet och fir d'Laura den LSC Virrang a steet de 25. Januar da mam Lidd "La poupée monte le son" un.