An eiser Serie iwwert déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest stelle mer iech dës Kéier eng Band vir, déi et elo scho 15 Joer gëtt a ville Leit dierft e Begrëff sinn.
Si sinn deemno schonn eng etabléiert Lëtzebuerger Band. D'Lëtzebuerger Countryband huet hiren eegene Stil an dee kënnt un. Net nëmme leeft hir Musek vill um Radio, si hunn och sëllegen Optrëtter am ganze Land an doriwwer eraus.
Hanner ZERO POINT FIVE stiechen de Kiko Menichetti, Gilles Saracini an de Chris Reitz. D'Band gëtt et scho 15 Joer an ass deemools am Escher Jongelycée vum Kiko a Gilles gegrënnt ginn.
De Kiko huet scho ganz fréi mat der Musek ugefaangen, fir déi hie sech immens begeeschtert huet. Eng musikalesch Mamm a Schwëster haten do hiren Afloss a seng Schwëster Martina hëlleft alt och emol bei der Band, wann nach eng Hand, respektiv en Instrument gebraucht gëtt. Mat nëmmen dräi Joer stoung de Kiko 1995 eng éischte Kéier op der Bün. Haut huet de gebiertegen Italiener, dee mat zwee Joer op Lëtzebuerg koum, 32 Joer, wunnt zu Schëffleng a schafft als Schoulmeeschter. Seng aner grouss Passiounen nieft der Musek, si gutt Iessen a Kaffi.
"Den Highlight vun der Prouf, ier mer lassleeën, ass eng kleng Stäerkung", dat seet och de Gilles, 34 Joer. Hien ass Geschichtsproff. De Kiko an de Gilles ware schonn am Lycée zesummen an der Klass an 2009 hu si ënnert dem Numm ZERO POINT FIVE bei "Wann s de eppes kanns" matgemaach.
Zwee Albumen huet ZERO POINT FIVE bis ewell erausbruecht. Hu si soss missen a spartaneschen, sténkege Proufsäll prouwen, mécht d'Band dat elo beim Kiko doheem, wou hi sech en eegene klenge Studio ageriicht huet. Do ginn d'Lidder geschriwwen. Ma och de Chris, drëtte Bandmember, huet e Studio. Dësen ass zu Esch an do gëtt haaptsächlech opgeholl.
De Chris ass professionelle Museker a spillt Gei. Am Ufank war hie bei verschiddenen Optrëtter als Special Guest mat dobäi, ëmmer nees hätt een hie gefrot, fir mol heiansdo matzespillen, bis hien op eemol festen Deel vun der Band ginn ass.
Ee vun hiren Highlights, frëndschaftlech wéi och musikalesch, war d'Tour duerch Amerika 2022. Iwwer 3.000 Kilometer waren dat am Ganzen an et war eng intensiv Zäit fir d’Bandmemberen.
Allen dräi maache gär Sport a brauchen dat och fir ofzeschalten. Elo déi nächst Woche kënnt de Sport wuel awer e bësse méi kuerz, well si brauchen hir ganz Energie, fir um Enn net nëmmen d'Bün an der Rockhal ze rocken, mee och déi zu Basel um Eurovision Song Contest.