Déi geckeg Serie geet an eng nei Ronn, Lidder ginn et der nämlech méi wéi genuch an hanner munch Lidd stécht dacks och eng méi onerwaart Geschicht.
An der geckeger Geschicht vun der Eurovisioun kucke mir zréck op eng streng Reglementatioun, déi vill Kandidate geschéckt ëmgaange sinn. Domat ass net d'Gezei gemengt, dat den Ae wéideet, well da wieren dräivéierel vun de Kandidaten aus de 70er Joren disqualifizéiert ginn. Ma hei schwätze mir vu liewegen Déieren op der Bün, en absolutten No-Go.
Eis animalesch Frënn hunn trotzdeem den Eurovision Song Contest gepräägt. Indirekt natierlech. An zwar well si als Inspiratiounsquell gedéngt hunn. Dat geet zréck bis zu der alleréischter Eurovisioun am Joer 1956, wéi d'Hollännerin Jetty Paerl d'Lidd "De Vogels van Holland" gesongen huet, iwwersetzt d'Vigel aus Holland.
Am Joer 1960, an deem Norwegen fir déi éischte Kéier Deel geholl hat, huet de Songwriter Georg Elgaaen d'Nora Brockstedt dozou bruecht, "Voi, Voi" ze sangen, dat vum Gebierels vum Rendéier inspiréiert war. D'Gewënnerin vum Owend gouf si domat net. Fir si war et d'véiert Plaz.
Ënnert de villen Déierenaarten, déi beim Eurovision Song Contest matgewierkt hunn, fënnt een de Pinguin, de Wollef an esouguer de Chameleon. Ma et ass eng aner Aart, déi besonnesch ervirstécht. Statistesch gesinn, huet nämlech alles, wat fléie kann, d'Nues vir a gewënnt.
Flilleke krut dann och déi franséisch Sängerin Marie Myriam 1977. Mam Lidd "L'oiseau et l'enfant" ass si nämlech wäit laanscht hir Konkurrente geflunn an huet Frankräich d'Victoire abruecht.