E Samschdeg den Owend goung et an der ArtBox Spezial ëm dräi Finaliste vum Luxembourg Song Contest. 

D'Patricia Baum an d'Sophie Becker huelen Iech mat an de musikaleschen Alldag vun de Finalisten. Dobäi ass och dat eent oder anert Gesicht, wat een nach vum leschte Joer kennt, zum Beispill d'Rafa Ela. Dëst Joer awer net als Duo, mä als Solokënschtlerin.
 
Invitéiert war och eng vun den zwou Bands, déi de 25. Januar an der Rockhal op der Bün stinn an ëm d'Plaz bei ESC kämpfen. De Museksstil ass bei kengem vun deenen dräi Bandmemberen d'selwecht, wat hir Perséinlechkeete ervirhieft an een och an hiren Optrëtter gesäit. ZERO POINT FIVE wëll mat hirem Lidd net nëmmen den LSC gewannen, mä och déi grouss Bün zu Basel rocken.

Et ass elo schonn déi zweete Kéier zanter 1993, datt Lëtzebuerg rëm bei der Eurovisioun dobäi ass. Ëmsou méi grouss ass dem Luzac seng Freed, ee vun de 7 Finaliste vum LSC ze sinn, eleng scho fir déi ganz Erfarung kënnen ze sammelen.