Den 10. Mee geet et lass zu Basel a bis dohi muss alles prett si fir de Eurovision Song Contest 2025.

Eng alleréischte Kéier wäert de Eurovision Village indoor sinn an zwar am Häerz vum MesseQuartier Basel an der Hal 1. Eng Ausstellungsfläch vun iwwer 141.000 Meterkaree steet do zur Verfügung. De Messequartier gehéiert zu de wichtegste Foires- a Kongresszentren an Europa. De perfekte Kader fir de Eurovision Song Contest.

Vum 11. bis de 17. Mee stinn all Dag Live-Concerten a Public Viewings um Programm. An der Arena Plus wäert um Dag vun der Finall d'Haaptplaz fir de Public Viewing sinn. Food- a Gedrénksstänn a sëllegen Aktivitéiten am Zesummenhang mam ESC erwaarden een op allen Ecken an den Entrée ass gratis. Am Vierdergrond steet natierlech d'Plaz, wou d'Halleffinallen an d'Finall sinn.

St. Jakobshalle 

An där Hal vun 20.000 Meterkaree ass d'Show vum Eurovision Song Contest. D'St. Jakobshalle ass eng vun de modernste Multifunktiounshalen an Europa. Zanter iwwer 45 Joer ginn do international Events organiséiert. Viru 7 Joer gouf se komplett renovéiert an ëmgebaut.

Arena plus

D'ESC-Finall am gréisste Futtballstadion* an der Schwäiz live erliewen an dat zesumme mat ronn 36.000 Fans, dat kann een an der Arena plus. Do erwaart een och eng spektakulär Pre-Show mat internationale wéi och nationale Kënschtler, ESC-Stars an exklusiv Live-Andréck. D'Finall gëtt de 17. Mee op risege Mega-Screens iwwerdroen.

*De Futtballstadion, de St. Jakob-Park, zu Basel "Joggeli" genannt, gehéiert zu engem vun de schéinsten an Europa. Ënner anerem fënnt een do och e Shoppingzenter a Restauranten.

EuroClub & Café

Bis spéit an d'Nuecht feieren, kann een am EuroClub, wou vum 11. bis de 17. Mee all Dag vun 23 Auer un e flotte Programm zesummegestallt wäert ginn. Mä opgepasst, d'Tickete fir dës Soiréeë si limitéiert. D'Infoe kommen nach am offiziellen Ticketsverkaf op eurovision.tv no.

RTL

© Image by  Envato Symbolbild

Eurovision Square

Um "Barfüsserplatz" fënnt een eng Openair-Bün, op deenen all Dag sëllege lokal a regional Acts optriede wäerten. Am Sënn vu "Crossing Borders" huet een awer och regional Acts aus dem grenznoen Däitschland a Frankräich invitéiert. An och hei ass den Entrée gratis.

Eurovision Street

D'sougenannte "Steinenvorstadt" verwandelt sech wärend dem ESC zur Eurovision Street, wou eng méi lass wäert sinn. Hei erwaart ee Stroossemusek, alles am ESC-Look dekoréiert. Och lokal Betriber goufe mat agebonnen.

Eurovision Boulevard

De Eurovision Boulevard zitt sech vun der "Gare Basel SBB" bis bei de "Basel Badischer Bahnhof" a bis an de Beräich "Riviera", laanscht de Kleinbasler Rheinufer. Alles ass och hei nees am ESC-Design gehalen.