Déi geckeg Geschicht vun der Eurovisioun ass natierlech d'Geschicht vun engem Concours, ma hannert deem sech awer och eng aner Schluecht ofzeechent: d'Schluecht vun de Sproochen.

D'Sprooch, déi natierlech der Artikulatioun an dem Gesang déngt, awer och der Kommunikatioun.

Et ass jo och bekannt ass, datt Franséisch d'Sprooch vum Flirten ass, ma e Lien gëtt et och zum ESC. Et waren nämlech ganz dacks Lidder op Franséisch oder mat franséische Passagen, déi beim Eurovision Song Contest gewonnen hunn. A mir schwätzen hei net just vu Frankräich.

Dës "Verféierungswaff" huet net nëmme frankophone Länner gehollef, ze gewannen: Lëtzebuerg natierlech fënnef Mol, d'Schwäiz 1988 mat enger ganz jonker Céline Dion oder nach d'Belsch mam Sandra Kim am Joer 1986.

D'Malena Ernman, déi Schweden 2009 vertrueden huet, hat net esou vill Chance, obwuel si och e puer franséisch Wierder an hirem Lidd "La voix" benotzt huet. Hir Duechter dogéint - eng gewësse Greta Thunberg -- huet hir Bestëmmung an de Wee zur Unerkennung fonnt: Klimaaktivistin. 
 
Iwwerdeems Franséisch ville Gléck bruecht huet, hu vill Länner awer Englesch gewielt. Mä dat war an der Geschicht vum Concours net ëmmer méiglech. Zu bestëmmten Zäiten an den 1960er an 1970er Joren hunn d'Reegele verlaangt, datt d'Participanten an der lokaler Sprooch sangen. Net esou einfach, wann s de zum Beispill Islänner bass...
 
De Grand-Duché huet an der Geschicht vum Concours zwee Lidder op Lëtzebuergesch virgestallt, 1960 an 1992. Et freet ee sech awer, ob net dee gewootsten Act an dëser Geschicht éischter dem Marion Welter hir Jackett an de Faarwe vun engem Fernseetestbild war.

Zënter 1999 gëtt et nees déi komplett sproochlech Fräiheet. Also natierlech och d'Fräiheet, fir eng regional Sprooch ze wielen. Katalanesch huet et 1968 mam Joan Manuel Serrat allerdéngs net gepackt. Hie gouf schlussendlech duerch d’Sängerin Massiel ersat an dat, well hien ze politesch war. Hätt hie sech wuel léiwer mat "Lalala" zefridde ginn.