Nach eng déck Woch, dann ass et souwäit an, an der Rockhal ass de Luxembourg Song Contest. An dem Kader hu mir d'Gewënnerin vum LSC 2024 getraff.
Mat der Musek ass d'Tali grouss ginn a scho mat siwe Joer koum Pianospillen dobäi. D'Sängerin ass och am Theater an am Musical-Beräich aktiv. D’lescht Joer koum den Héichpunkt vun der Karriär – den ESC. D'Tali Golergant koum zu Malmö op déi 13. Plaz.
Déi lescht Méint huet ee vum Tali net méi sou vill héieren. Dat ännert sech awer elo. D'Tali stoung am Studio an huet un neier Musek geschafft.
Am Fréijoer komme sechs nei Lidder op enger EP eraus. Dëse Freideg ass déi éischt Single-Auskopplung, déi released gëtt. "Dear Parents" nennt sech dës Single an et ass e Merci un der Kënschtlerin hir Elteren, déi si an allem ënnerstëtzen. Vu Kand u war d’Tali op ville Plazen op der Welt doheem an dofir huet et seng sechs Lidder och op verschiddene Plaze geschriwwen an opgeholl. Dorënner New York, London a Paräis.
Am Interview kucke mir awer och zeréck op d'Zäit vun der Eurovisioun a gi gewuer, wéi een Drock d'Sängerin do gespuert huet. Déi gréissten Angscht wier gewiescht, datt si d'Lëtzebuerger net wollt enttäuschen. Déi Ënnerstëtzung, déi si an all deene Méint kritt hätt, och dono op de verschiddenen Optrëtter am Summer, sinn als magesch Amenter an Erënnerung bliwwen. Donieft zielt d'Tali, datt si wärend dem ESC och e Bodyguard u der Säit hat an aus Schutz och en aneren Numm huet misse kréien.