Wie seet, de Eurovision Song Contest ass net politesch? Hannert den Nouten hunn nämlech politesch Konnotatiounen ëmmer erëm de Wee an d'Lidder vum berüümte Concours fonnt.

Abrëll 1974: Portugal preparéiert sech op d'Nelkerevolutioun. De Sänger Paulo de Carvalho war net de Genre vu Mënsch, deen d’Scheiklappen unhat. Säi Lidd "E Depois do Adeus", iwwersat "an nodeems mir Äddi soen", enthält e verstoppte Message. Hie krut nëmmen dräi Punkte beim Concours a Groussbritannien, ma nëmmen e puer Woche méi spéit, wéi d'Leit sech an de Stroosse vu Lissabon revoltéiert hunn, huet hien all d'Häerzer gewonnen.
 
Mir sprangen zeréck an d'Joer 2009. An dat kënnt engem elo nach méi laang vir, de Eurovision Song Contest ass nämlech zu Moskau. Ma net just dat, d'israeelesch Kënschtlerin Noa an d'arabesch-israeelesch Kënschtlerin Mira Awad en Duett mam Numm "There Must Be Another Way". An da musse mer zouginn: 2025 hu mir de Wee nach ëmmer net fonnt.
 
2014 ass e besonnesch politescht Joer, eleng scho well d'Konschtfigur Conchita Wurst, déi e Symbol fir d'LGBTQI+ Communautéit ginn ass, gewonnen huet. 
 
Eng aner Première, ass, wann e richtege Politiker op der Bün steet. Sou gesinn 2014. Den Ottar Proppé, deemools zukünftege Gesondheetsminister vun Island, war Background-Sänger fir d'Band Pollapönk.
Wier dat keng Iddi fir Lëtzebuerg?!
 
Eng héich politesch Victoire am Joer 2022 ass déi vum Kalush Orchestra op der Bün vum Pala Olimpico zu Turin an Italien. Déi ukrainesch Band koum do op déi éischt Plaz, just e puer Méint nodeems hiert Land vu Russland attackéiert gouf. Russland gouf vum Concours ausgeschloss.
 
D'Editioun 2024 ass markéiert vun der kontroverser Participatioun vun Israel, matte wärend dem Gaza-Krich. D’Eden Golan liwwert of bei hirem Optrëtt, trotz Protester am Hannergrond wéi och aus dem Public an och aus der Ëffentlechkeet zu Malmö a Schweden.
 
Natierlech ass beim ESC ofstëmmen net dat selwecht wéi fir ee President ofzestëmmen, ma et dréit sécher dozou bäi, d'Welt eng Grimmelche besser ze maachen.