E Samschdeg den Owend am Artbox Spezial LSC stelle mir Iech véier weider Kandidate vum Luxembourg Siong Contest vir.

Ënnert de siwe LSC-Finalisten ass och d'Laura Thorn. Déi jonk Fra geet ganz entspaant un déi Saach erun:
 
"Vun Ufank u sinn ech sou ganz relax a spontan un déi ganz Saach erugaangen an ech hu mir elo net geduecht: ech wëll elo hei matmaachen, fir dass duerno dat an dat geschitt. Dat war eigentlech net mäin Zil. Ech wëll just, dass dat esou eng cool Experienz gëtt, einfach op esou enger grousser Bün ze stoen an dass et einfach esou eppes gëtt, u wat ech mech mäi ganzt Liewe wäert kënnen zréckerënneren."

One Last Time waren d‘lescht Joer scho beim LSC dobäi mam Lidd "Devil in the Detail". Fir dëst Joer hu si hire Sound der Eurovisioun zwar nach méi ugepasst, si sech awer trei bliwwen. Dat wier hinnen immens wichteg:

"Dat, wat d'Leit gesinn, dat sinn 100% mir. A vläicht an engem ESC-Kleed, well d'ESC-Welt ass eppes ganz Spezielles, mee dat sinn 100% mir an et sinn all eis Gedanken."

Mam Alexia Rodrigues aka MÄNA geet et mat säi Zumba-Cours, wou déi méi schei Sängerin erzielt, wat et, bedeit op der Bün ze stoen:

"Fir mech ass op der Bün stoen ëmmer eng mega cool Erfarung, einfach well ech da mäin extrovertéierten Deel kann erausloossen, vue dass ech am Privatliewen éischter e bësse méi introvertéiert a fir mech sinn. Dat ass dann ëmmer de Moment, wou ech mech 'expresse' kann an ech genéissen dat dann och komplett."

Rhythmic Soulwave ass eng ganz divers Band aus sechs Memberen, déi sech am Stater Conservatoire kennegeléier hunn. Si hu fonnt, dass si an hirer Konstellatioun gutt bei d‘Eurovisioun passen:

"Ce qui rend l'univers de l'Eurovision si intéressant pour nous, c'est la diversité et la diversité culturelle et musiquale, parce qu'on est un groupe assez divers, avec des nationalités assez diverses, avec des backgrounds musicals assez divers."