E Samschdeg war an der Rockhal déi éischt Editioun vu "You Can Sing".

Aus 100 Videoen, déi d‘Leit konnten eraschécken, huet eng Jury zéng Gewënner am Alter tëscht 8 a 14 Joer gezunn. Si goufen een Nomëtte laang vun der Gewënnerin vum LSC vun zejoert an der Participante um Eurovision zu Malmö, dem Tali, gecoacht.

Owes konnte si hiert Talent da virum Public ënner Beweis stellen.