An der 4. Episod dréint sech alles ëm d'Gezei aus de leschte Joerzéngten. Vu ganz schlëmm bis héich eraus. Den Eurovision Song Contest ass bekannt fir extravagant, deels och skurril Outfitten.
Eng grouss Fro stellt sech an der geckeger Geschicht vun der Eurovisioun: Ass de Song Contest um moudeschen Héichpunkt ukomm? Wann een enger rezenter Ëmfro soll gleewen, an deem bal 80% vun de Fransousen den ESC als kitscheg oder souguer almoudesch betruechten, schéngt d'Äntwert kloer ze sinn. Awer vläicht ass et genau dat, wat d'Moud soll sinn: eppes undoen, wat anerer ni géifen undoen.
Iwwregens sinn e puer Participante souguer esou wäit gaangen, fir ze sangen, wat déi aner ni géinge sangen.
Bei dësem Concours matmaachen, heescht dann och emol e Risiko um Niveau vum Gezei agoen.
No de brave Kleeder a Kostümer vun de 1950er a 60er Jore sinn an de 1970er déi sougenannten Schlaghosen a Pailletten opgedaucht, ier se an den 1980er duerch neonfaarweg Overallen ersat goufen. An net ze vergiessen déi folkloristesch Outfits.
1968 ass d’Eurovisioun fir déi éischte Kéier faarweg op der Tëlee ze gesinn an déi spuenesch Kënschtlerin Massiel, an engem Courrèges-Kleed, weist als éischt hir Knéien. D’Meenung: Et gesäit gutt aus an d’Massiel gewënnt de Concours.
Iwwregens hunn déi gréissten Designer sech an der Geschicht vum Eurovision Song Contest veréiwegt: De Jacques Esterel kleet 1977 d'Marie Myriam an. D'Haus vun Dior 2021, d'Barbara Pravi oder de Romain Thevenin, verhëlleft 2023 dem La Zarra an d’Héicht.
Ee vun de Moudepoopsten, de Jean-Paul Gaultier, huet emol gesot: "Et sinn ëmmer déi am schlëmmst gekleete Leit, déi am interessantste sinn." Evident also datt de franséische Moudendesigner verschidde Kandidate gekleet huet an esouguer d'Editioun 2008 vum Concours zu Belgrad kommentéiert huet.
Awer et ass ëmmer nach am einfachste sou mann wéi méiglech unzedoen. De finnesche Windows95 Mann huet genau dat d’lescht Joer probéiert. Déi schwedesch Presentatrice vum Concours vun 1985, d’Lill Lindfors, steet op eemol an der Ënnerbox do, awer natierlech nëmme fir d’Show an net fir en Trend ze setzen. Hire klengen hellgréngen Top, dee sech an e Kleed verwandelt, gouf leider net vermaart. Schued, wier praktesch wann ee grad aus der Piscine kënnt.