Déi geckeg Geschicht vun der Eurovisioun huet schonn e puer Mol déi gutt Leeschtunge vu Lëtzebuerg am Song Contest ervirgehuewen, ëmmerhi fënnef Victoiren tëscht 1961 an 1983.
De Grand-Duché huet sech awer och an engem anere Beräich ausgezeechent. Lëtzebuerg huet de Concours véier Mol organiséiert. An allkéiers gouf d'Occasioun genotzt, technesch Innovatioune virzestellen. Hannert dëse Fortschrëtter steet e Mann, deen all Editioun tëscht 1962 an 1984 geleet huet: de René Steichen!
De René Steichen ass e Pionéier vum Videoclip, dank him si visuell Effekter entstanen, déi een an de 1970er Joren nach ni gesinn huet.
Den 18. Mäerz 1962 war zu Lëtzebuerg déi éischt Eurovisioun am groussen Auditoire vun der Villa Louvigny. De franséische Kameramann Maurice Barry, deem säi Wierk vum Figaro gelueft gouf, huet sech d'Méi gemaach, e Bréif un d'Zeitung ze schreiwen, fir d'Qualitéit vun der Lëtzebuerger Ekipp z'ënnersträichen an där de jonke René do schonn dobäi war.
Och déi zweet Editioun hei am Land, de 7. Mäerz 1966 war aus senger Hand. D'franséisch Presse huet "déi intelligent Aarbecht vun de Realisateure René Steichen a Jos Pauly" gelueft.
1973 war d'Joer vun der Victoire, wéi Lëtzebuerg dës Editioun vum Concours organiséiert a gewonnen huet. D'Anne-Marie David ass d'Nofollgerin vun der Vicky Leandros, déi 1972 de Präis gewonnen hat. D'Opféierung war net an der Villa Louvigny, mee am Groussen Theater an der Stad. D'Sécherheetsmesurë waren drastesch wéinst der éischter Participatioun vun Israel, ee Joer nom Attentat op den Olympesche Spiller zu München.
De 5. Mee 1984, bei der leschten Editioun am Grand-Duché, huet eise Frënd de René sech mat senger Spezialeffekt-Konsol amuséiert. D'Sue fléissen, awer leider net d'Stëmmen. D'Sophie Carle koum just op déi 10. Plaz, d’Victoire geet trotzdeem un d'technesch Ekipp.
E Supervisor vun der Europäescher Rundfunkunioun schreift RTL e Félicitatiounsmessage fir eng Leeschtung, déi an Zukunft e Musterbeispill gëtt. Och d'BBC gratuléiert RTL!
Den Owend gouf vun der 19 Joer jonker Désirée Nosbusch presentéiert, déi mir 40 Joer méi spéit erëm begéint hunn, wéi Lëtzebuerg säi Comeback bei der Eurovisioun hat. An d'Désirée straalt nach ëmmer och no 30 Joer Eurovisiounsabsence vum Grand-Duché.