Begleet eis hannert de Riddo vun der Rockhal a léiert eng Partie fantastesch Leit kennen, déi dofir suergen, dass den LSC ouni Problemer iwwert d'Bün geet.
D'Kandidate goufe scho virgestallt, an och déi eenzel Lidder goufe presentéiert. Elo ass et un der Zäit, fir d'Leit hannert der Bün kennenzeléieren, déi fir de korrekten a smoothen Oflaf vun der Show suergen. D'Meredith Moss vum Today Radio war e Freideg an der Rockhal schonn ënnerwee, fir de Leit iwwert d'Schëller ze kucken.
Ënnert anerem huet si mam Elisabeth Conter geschwat, dem Project Manager vu Eurovision Luxembourg. Wéi ee sech denke kann, komme mat sou engem Titel natierlech och grouss Responsabilitéiten. Deemno suergt si dofir, dass dat ëmgesat gëtt, wat muss ëmgesat ginn.
Da wier do och nach den Eric Lehman, Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, an déi richteg Persoun fir dësen Job. Hien ass och scho ronn 25 Joer Fan vum Eurovision Song Contest a kennt sech deemno beschtens aus.
Eng weider wichteg Persoun, virun allem fir d'Artisten, sinn d'Gesangscoachen, d'Francesca Aaen an d'Susanne Georgi, déi och schonn zejoert dësen Job fir d'Lëtzebuerger Delegatioun iwwerholl hunn.
Fir d'Logistik um Site vun der Rockhal selwer ass de Michael "Sticky" Matheson responsabel, dat zesumme mat senger Ekipp vum sougenannte Floor-Management-Team, dat zesumme mat de Stage-Manageren dem Sonia an dem Guy. Si sinn dofir responsabel, dass alles dono an der Rockhal no Plang op an hannert der Bün funktionéiert an ofleeft.
Last, but not least: Wat wier e Song Contest ouni glamouréis Garderob fir d'Kënschtler op der Bün richteg an Zeen ze setzen? Heivir ass u sech den Designer Andy zoustänneg, ma deen ass am Moment an der Ukrain, sou dass d'Styling-Assistentin Anastasiia um Belval dofir suergt, dass vun de Sänger, iwwert d'Museker, bis zu den Dänzer, jiddereen gutt ugedoen ass. Hei dierfen natierlech och d'Make-up-Artisten net feelen, déi fir d'Hoer an de Styling suergen.
Dës an aner "Behind the curtains"-Episoden elo op RTL Play.