En Dënschdeg kuerz no 12.30 Auer, gouf gewielt, wien an den zwou Halleffinallen den 13. oder 15. Mee 2025 sange wäert.

D'Laura Thorn vertrëtt Lëtzebuerg an der 2. Halleffinall vum ESC. Konkret wäert d'Lëtzebuerger Kandidatin an der 2. Hallschent vum Owend optrieden. Dat gouf en Dënschdeg per Tirage zu Basel decidéiert.

D'Jennifer Bosshard an de Jan van Ditzhuijzen hunn d'Auslousung moderéiert, déi bestëmmt huet, wéi ee Participant wéi een Dag vun der Halleffinall zu Basel op der Bün steet an /oder ofstëmmt. Entweder de 13. Mee oder den 15. Mee.

31 Länner mussen op deenen zwee Deeg géinteneen untrieden, nom Zoufallsprinzip.

D'Big-Five-Länner Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien, souwéi Schwäiz als Gewënnerland 2024, sinn automatesch an der ESC-Finall. Bei der Auslousung gouf awer bestëmmt, wéini si ofstëmmen dierfen.

RTL

D'Schwäiz an d'Big Five trieden net an den Halleffinalle mat un, hire Public dierf awer mat ofstëmmen.

Parallel zu der Auslousung war och nach eng aner Zeremonie. Den Organisateur vum leschte Joer - Malmö - iwwerreecht dobäi dem neien Organisateur Schwäiz de sougenannten "Host City insignia pass".

Resultat vun der Auslousung

RTL

An der selwechter Halleffinall wéi Lëtzebuerg, also déi 2. Semi-Finall sinn Tschechien (2. Hallschent), Israel (2.Hallschent), Éisträich (1. Hallschent), Malta (2.Hallschent), Finnland (2.Hallschent), Litauen (1. Hallschent), Armenien (1.Hallschent), Montenegro (1.Hallschent), Griicheland (1. Hallschent), Dänemark (2. Hallschent), Lëtzebuerg (2. Hallschent), Georgien (2.Hallschent), Serbien (2. Hallschent), Irland (1. Hallschent), Australien (1. Hallschent) a Lettland (1. Hallschent).

An der 1. Semi-Finall sinn dann Holland (2. Hallschent), Aserbaidschan (2. Hallschent), Albanien (2.Hallschent), San Marino (2. Hallschent), Schweden (1. Hallschent), Belsch (2. Hallschent), Ukrain (1. Hallschent), Slowenien (1. Hallschent), Zypern (2. Hallschent), Island (1. Hallschent), Estland (1.Hallschent), Polen (1.Hallschent), Kroatien (2. Hallschent), Portugal (1. Hallschent), Norwegen (2. Hallschent)