Zanter dem 25. Januar ass bekannt, dass d’Laura Thorn fir Lëtzebuerg op Basel geet a mam Lidd “La Poupée Monte Le Son” géint 36 aner Artisten untrëtt.
Esou lues ginn och ëmmer méi Nimm bekannt, déi och wäerten op der grousser ESC-Bün stoen. Wat ass vun deenen anere Länner ze erwaarden a wie sinn déi aner Artisten? Mir stellen Iech déi éischt Artiste vir!
Albanien mat Shokdra Elektronike
“Zjerm” bedeit Feier a gëtt vum Duo Shokdra Elektronike gesongen. Si mëschen traditionell Téin mat zäitgenëssescher Musek a verbannen sou d’Vergaangenheet an d’Géigewaart. Hannert dem Projet Shokdra Elektronike stiechen de Kolë Laca an d’Beatriçe Gjergji. Si sinn allen zwee an der albanescher Stad Shkodër gebuer an als Immigranten an Italien opgewuess. Hir Museksrichtung beschreiwen si als “Post Immigrant Pop”.
D’Belsch mam Red Sebastian
“Strobe Lights” ass d’Lidd vum Belsche Stellvertrieder, dee sech géint siwen aner Konkurrenten an der nationaler Final duerchgesat huet. De Seppe Herreman, wéi de Red Sebastian mat biergerlechem Numm heescht, kënnt gebierteg vun Ostende a stoung mat 14 Joer schonn eng Kéier an der Final vun enger Tëleesemissioun. “Belgium’s got talent”.
Spuenien mam Melody
“Esa Diva” heescht d’Lidd, mat deem d’Melody de Benidorm Festival gewonnen huet. 2009 huet d’Sängerin et schonn eng Kéier probéiert. D'Melody ass eng bekannte Sängerin a Spuenien an hat mat 10 Joer säin éischten Hit. Spuenien gehéiert zu de Big Five am ESC an ass domadder och sécher an der Final.
Slowenien mam Klemen
“How much time do we have left?”, ass eng emotional Ballad an deem de Klemen Slakonja d’Kriibsdiagnos vu senger Partnerin verschafft. A Slowenien ass hie virun allem als Moderator a fir seng Parodië bekannt. Fir säin ESC Lidd weist hien sech elo vun enger anerer Säit an dat huet dem Public am sloweenesche Virentscheed esou gefall, dass si hien op den ESC schécken.
Montenegro mam Nina Žižić
“Dobrodošli” ass den Titel, dee Montenegro dëst Joer zum ESC bäidréit. D’Nina Žižić stoung 2013 schonn eng Kéier op der ESC-Bün. Am nationale Virentscheed gouf d’Sängerin dëst Joer awer just Zweet. D’Band, déi eigentlech gewonnen huet, huet missen d’Kandidatur zeréckzéien. Et koum raus, dass hiert Lidd scho virum September publizéiert gouf, dat verstéisst géint Reegelen.
Griichenland mam Klavdia
“Asteromata” huet de nationale Virentscheed a Griichenland gewonnen. Den engleschen Titel vum Lidd ass "Starry Eyed". D’Klavdia thematiséiert an där Ballad Sujete wéi forcéiert Migratioun an d’Nout vu Refugiéeën. Dobäi inspiréiert sech d’Klavdia un der Geschicht vu senger Groussmamm, déi aus hirer Heemecht misst flüchten. D’Sängerin staamt vun enger pontesch griichescher Minoritéit of.