
© Steve Müller / RTL
Nostalgie an Héngerhaut... mat deene Wierder loosse sech munch Reaktioune beschreiwen.
Fir déi eng oder aner nostalgesch Vibes suergt d'Lëtzebuerger Selektioun op de soziale Reseauen a sécherlech och bei ville Eurovision-Fans, déi dëse Concours scho méi laang suivéieren a kennen.
Lëtzebuerg hat säin Debut 1956, dem Gebuertsjoer vum Gesangsconcours. Zanterhier war de Grand-Duché 38 Mol beim Eurovision Song Contest vertrueden, fënnef Mol war et déi éischt Plaz fir eist Land - 1961, 1965, 1972, 1973 an 1983.
Am Joer 2024 war Lëtzebuerg mam Tali a sengem Lidd "Fighter" no 31 Joer Abstinenz nees dobäi. An der Finall zu Malmö koum Lëtzebuerg op déi 13. Plaz mat 103 Punkten. Dëst Joer geet eist Land mam Laura Thorn a "La Poupée Monte le Son" an d'Competitioun. D'Lidd, en Hommage un der France Gall hire "Poupée de cire, poupée de son" mat deem Lëtzebuerg 1965 gewonnen hat, huet bei munchen Erënnerungen ervirgeruff.
Op Eurovision Hub zum Beispill hu sech Experten aus de verschiddenste Länner de Clip vum Laura Thorn hirem Optrëtt um Luxembourg Song Contest ugekuckt. Hir Reaktiounen hu si op hirem YouTube-Channel festgehalen an déi si méi wéi positiv ausgefall, bei Sätz wéi: "Ech spieren, dass Lëtzebuerg sech dëst Joer qualifizéiert", "dat ass schonn e catchy Beat" oder nach "Wow Hello Luxembourg".
Natierlech passen esou Experten och op méi kleng Detailer op. Ma vill ware sech eens, dass d'Potential fir Lëtzebuerg absolut do ass.
D'Laura Thorn wier eng "charmant Performerin", déi mam richtege Schlëff de Grand-Duché bis an d'Finall brénge wäert, heescht et zum Beispill um Wiwibloggs-Channel. An och Fashion a Style goufen ënnert d'Lupp geholl a besonnesch gutt koumen d'Poppe-Mouvementer un. Fir absolut Begeeschterung huet den Outfit-Wiessel gesuergt, esou een Iwwerraschungseffekt kéim um Eurovision Song Contest ëmmer un.
Am éischte Barometer vun der Saison heescht et op ESC kompakt zum Beispill, dass Lëtzebuerg sech freeë kann. Hir User hunn d'Lëtzebuerger Lidd bis un d'Spëtzt gewielt. Op internationalem Niveau ass zwar nach Loft no uewen, ma et ass jo alt nach e klengt Stéck bis Basel am Mee, wou d'Laura de "Son" dann esou richteg opdréine wäert.