Zanter e Freideg sicht och Däitschland no hirem Lidd fir den Eurovision Song Contest zu Basel 2025.

Deenen Däitschen hiert Zil ass et dëst Joer ze gewannen an dofir hu si dem Stefan Raab d’Missioun ginn, den Act erauszesichen. Ënnert dem Numm "Chefsache – ESC 2025" huet eng Jury vu véier Leit e Freideg an e Samschdeg den Owend an enger Live-Sendung aus 24 Museker a Musekerinnen, déi Bescht 14 erausgesicht. Dës trieden dann d’nächst Woch, den 22. Februar an der Halleffinall nach emol um däitschen RTL géinteneen un. Déi grouss Finall ass dann den 1. Mäerz an der ARD ze gesinn.

Lëtzebuerger gëtt Thema an ESC Live-Sendung vum Stefan Raab / Rep. Loic Juchem

Wärend der Sendung e Samschdeg den Owend huet awer och de Mini Wagner vu Rëmeleng eng Roll gespillt. Scho freidesowes war hien dobäi, well him déi ESC-Welt einfach immens gutt gefält. Zanter dem Retour vu Lëtzebuerg bei der Eurovisioun suivéiert hien alles a war och elo zwee Mol beim Luxembourg Song Contest mat dobäi. D'lescht Joer ass hie souguer ouni Ticket op Malmö gefuer, an huet déi ganz Woch do verbruecht. Hien huet sech geduecht, datt hie mat e bësse Chance sur place un en Tickete kënnt an sou war et dann och. D'Halleffinall an déi grouss Finall konnt hien hautno zu Malmö materliewen. Och fir dëst Joer huet hie scho Congé geholl an ass zu Basel mat dobäi. Ticketen huet hien awer nach keng.

Dat vergësst de Mini ni!

E Samschdeg den Owend war de Mini dann op eemol an der Live-Sendung en Thema. Hien hat en T-Shirt, Schal a Plakat dobäi, wou kloer ze erkennen ass, datt hien e Lëtzebuerger ESC-Fan ass. Dat huet dem Barbara Schöneberger, wéi et schéngt och gefall an du war hien op emol Thema an der Emissioun a konnt der Presentatrice souguer eng Tapp ginn. Millioune Leit konnten dat live gesinn a sou gouf de Mini Wagner zu engem klenge Star.

Och am Studio selwer hunn d'Leit no der Sendung Fotoe mat him gemaach. "Ech hu Reklamm fir Lëtzebuerg gemaach, dat ass jo de But gewiescht." Dat ass him op alle Fall gelongen an e flotte Souvenir huet hien och nach, sécherlech en Ament, deen hien ni wäert vergiessen. "Ech hu mol guer net iwwerluecht. Ech hunn d'Barbara gesinn an ech hunn d'Barabara Schöneberger mega gären. Ech hu mol guer net un d'Konsequenze geduecht, well dono ass mäin Telefon permanent gaangen."

Vue datt de Mini och beim LSC an der Rockhal am Januar mat dobäi war, konnt hie béid Formater och gutt matenee vergläichen an huet kloer gesot, datt Lëtzebuerg sech net muss schummen an, datt mir mat eisem Act richteg gutt Chancen hätten. Hien dréckt dem Laura Thorn ganz fest d'Daumen.