Den ESC ass bekannt fir seng ikonesch Songs, ma wat zeechent e Gewënnerlidd aus a wéi entsteet esou ee Lidd iwwerhaapt?

Am Rocklab an der Escher Rockhal kritt een en Dënschdeg den Owend ee ganz exklusiven Abléck an de kreative Prozess, wéi e Lidd fir de Eurovision Song Contest entsteet.

Mat dobäi ass d'Gewënnerin vum Luxembourg Song Contest 2025, d'Laura Thorn, ma och den Eric Lehmann, Head of Delegation fir Lëtzebuerg an natierlech d'Createure vum Lidd "La Poupée Monte le Son", mat deem Lëtzebuerg am Mee zu Basel untrëtt.

Wie sinn d'Createure vum Lidd?

Geschriwwe gouf den emanzipéiert ugehauchten Titel vum Duo Julien Salvia a Ludovic-Alexandre Vidal. Si schaffe schonn zanter 15 Joer zesummen an hunn ënner anerem och schonn e puer Musicalle geschriwwen. Bedeelegt un der Koproduktioun war de Christophe Houssin.

Rendez-vous ass en Dënschdeg den Owend um 19.30 Auer am Rocklab.

Wann Iech Theeme wéi de kreative Prozess an d'Preparatioun interesséieren an Dir wësse wëllt wéi eng eenzegaarteg Live-Performance entsteet, dann dierft Dir Iech dësen Event net entgoe loossen.

D'Diskussiounsronn ass op Englesch an d'gratis Entrée kann ee sech hei sécheren.