D'lescht Joer war de Pont Adolphe fir dem Tali säin Tournage gespaart ginn, dëst Joer huet d'Laura d'Musek an den Héichiewen um Belval opgedréint.
Och dëst Joer huet d'Europäesch Rundfunkallianz (EBU) all den Artiste vun de Länner, déi beim ESC matmaachen, den Optrag ginn, eng aner Versioun vun hirem Lidd opzehuelen. D'Tali hat sech d'lescht Joer fir eng akustesch Versioun op der Neier Bréck an der Stad entscheet. Fir d'Laura Thorn a säi "La poupée monte le Son" goung et op de Belval an d'Héichiewen.
Bei kalen Temperaturen hunn d'Laura Thorn an déi ganz Lëtzebuerger ESC-Ekipp e speziellen Tournage an der Halle des poches à fonte op d'Bee gestallt. Bis spéit an d'Nuecht hu si doru geschafft, de Fans vum Eurovision Song Contest a vum Laura Thorn e spezielle Video-Clip vum Lëtzebuerger Lidd fir den ESC 2025 ze produzéieren.
Wien elo scho gespaant ass, wat d'Laura Thorn nach aus sengem Lidd erausgeholl huet, muss sech awer nach e bësse gedëllegen. De Video gëtt eréischt an e puer Wochen op de sozialen Netzwierker vum ESC publizéiert. Esou vill kënne mir scho mol iwwer dem Laura seng speziell Versioun verroden: Et ass eng Poupée électronique.