D'Lidd "Kant", mat deem Malta u sech wollt an d'Course ëm den Titel beim Eurovision Song Contest goen, suergt fir Opreegung an der ESC-Welt.

U sech ass den Titel vum Lidd ganz harmlos an heescht op malteesesch "Gesang". Ma grad mat deem Wuert si se  a Groussbritannien awer manner zefridden. D'brittesch BBC fënnt, dass den Titel no enger englescher Frechheet kléngt. Si hu bei der EBU reklaméiert a krute Recht .

"Cunt", anescht geschriwwen awer änlech ausgeschwat, heescht nämlech eppes ganz anescht. Et beschreift op vulgär Manéier dat weiblecht Geschlecht a gëtt als Beleidegung benotzt.

"Ech sinn enttäuscht"

D'Interpretin vum Lidd Miriana Conte ass alles anescht wéi där Meenung. Op Instagram huet si hirem Ierger Loft gemaach a sech beschwéiert.

"Mir goufe grad doriwwer informéiert, dass sech d'EBU géint d'Benotzte vum malteesesche Wuert 'Kant' an eisem Bäitrag fir de Eurovision Song Contest decidéiert huet. Ech si schockéiert an enttäuscht."

Dës Decisioun kënnt nëmmen eng Woch ier all d'Lidder mussen dobanne si fir d'Finall.

De Kulturminister op Malta Owen Bonnici huet et als "Zensur vun der Konscht" bezeechent. Vill Leit op Malta wieren "extrem enttäuscht" a kéinten d'Entscheedung weder verstoen, nach novollzéien. Hie géif dat Gefill deelen, sou nach de Bonnici.

Vun der EBU koum bis ewell kee konkrete Statement. "Gëtt e Lidd aus iergendengem Grond als inacceptabel gesinn, hunn d'Senderen, sou wéi d'Reegelen et virschreiwen, d'Méiglechkeet, et virum Oflaf vum Delai ze änneren oder en neit Lidd ze wielen".

Malta kuckt aktuell, duerch wat fir ee Wuert "Kant" kéint ersat ginn. Si hu bis den 10. Mäerz Zäit. Bis dohi musse sämtlech Länner hir Lidder eragereecht hunn.

Méi wäit gekuckt

D'Lidd vum Miriana Conte ass komplett op Englesch, ausser eben d'Wuert "Kant". Am Text vum Lidd heescht et dann och: "I do it all the time, yeah, I do it all the time / Serving kunt."

An der queerer Zeen ass dat eng Wuertspillerei, déi als "Pussy-Power" ëmschriwwe gëtt.