Mam Lidd "Espresso Macchiato" wëll Estland beim Eurovision Song Contest punkten. Et kéint sinn, dass et der 0 vun Italien ginn.

Den Tommy Cash konnt sech d'lescht Woch bei der Virentscheedung an Estland duerchsetzen a representéiert säi Land deemno virum grousse Public zu Basel. Ee Land ass iwwert den estnesche Bäitrag awer guer net frou.

Mat Zeile wéi "Me like to fly privati / With 24 carati / Also mi casa very grandioso / Me money numeroso / I work around the clocko / That’s why I'm sweating like a mafioso" huet den 33 Joe ale Sänger Tomas Tammemets bei villen Italiener wuel méi wéi nëmmen ee wonne Punkt getraff an tatsächlech fënnt een am Lidd "Espresso Macchiato" eng Heede Wull u Klischeeën. Dat geet vu Spaghetti, Mafia, bis Amore an natierlech den Espresso.

Kee Wonner, dass den estnesche Espresso den Italiener béiss opstéisst. Et kann een d'Lidd witzeg fannen, et muss een awer net. Eescht huelen, op jiddwer Fall net.

"Scusi"

Den Tommy Cash hëlt d'Reaktioun aus Italien dann awer Eescht. Hien huet sech entschëllegt. "Ech wollt kee mat mengem Lidd beleidegen", huet de Kandidat fir Estland verséchert. "Ech si frou mam Land: d'Iessen, d'Architektur, den Design, de Kaffi."

Ob et mat engem "Scusi" a Richtung Italien duergeet, dat gesäit een da spéitstens am Mee, wann Italien seng Punkte verdeelt. A bleiwe mer bei de Klischeeën, Italieener si sécher net nodroend...