D'Céline Dion ass ee risegen Eurovision-Fan, ëmmerhin huet si hir Karriär der Schwäiz an dem Concours ze verdanken.

En Optrëtt vum Céline Dion wier och méi wéi en Highlight.

En Dënschdeg haten d'Executive Produzente Moritz Stadler a Reto Peritz op eng Pressekonferenz zu Basel invitéiert. Am Fokus louch déi zweet Ticketsvente, déi de 27. Mäerz ass, awer och, datt d'Fans sech op eng Show mat vill Iwwerraschunge kënne freeën.

Iwwregens, wann Dir mam Gedanke spillt, den ESC op Basel kucken ze fueren, dann iwwerleet net ze laang. Déi éischt Serie Tickete waren an Nullkommanäischt ausverkaaft.

RTL

Moritz Stadler (l) a Reto Peritz / © AFP

Eng Fro stoung dann awer am Raum op der Pressekonferenz. Op ee Showact hoffe vill Fans nämlech ganz besonnesch.

"D'Céline Dion an de Eurovision Song Contest an der Schwäiz gehéieren zesummen. Dat ass kloer. Ma wäert si zu Basel sinn? Wäert si an der Show sinn oder net? Et gëtt vill Méiglechkeeten a mir schaffen drun", sou de Moritz Stadler.

Zanter Méint géif et scho Gespréicher ginn. Ob d'kanadesch Sängerin optriede kann, hänkt vun hirem Gesondheetszoustand of. Si leit um Stiff-Person-Syndrom, eng seelen neurologesch Autoimmunkrankheet. De Reto Peritz huet betount: "D'Céline kann esou eppes just kuerzfristeg plangen. Et weess net, ob et am Mee goe wäert."

En Optrëtt hänkt tatsächlech vun der Dagesform vun der Sängerin of. Den Intressi wier op alle Fall grouss, ëmmerhi verbënnt si en Deel ESC-Geschicht mat der Schwäiz. D'Organisateure versiche sech op alles ze preparéieren, sollt d'Céline Dion kommen an och, sollt d'Sängerin ofsoen.

D'Céline Dion hat 1988 mam Lidd "Ne partez pas sans moi" zu Dublin den ESC fir d'Schwäiz gewonnen. Dat war déi éischt Victoire fir d'Land zanter de Concours 1956 an d'Liewe geruff gouf an et war de Start vun hirer ganz perséinlecher grousser Karriär.

E leschte beandrockenden Optrëtt gouf et bei Olympia 2024 zu Paräis an och do war dee wéinst hirer Krankheet laang ongewëss.