Et sinn traureg Nouvellen, déi eis dës Kéier aus der ESC-Welt erreechen, besser gesot aus Israel.

D'Produzentin Tali Eshkoli, déi vill Leit besonnesch an der Welt vun der Eurovisioun dierft e Begrëff sinn, ass dout. Si ass am Alter vu 60 Joer no laanger Krankheet verscheet.

RTL

Hei am Land dierft si engem an Erënnerung sinn, well si de Luxembourg Song Contest 2024 produzéiert hat. RTL hat jo en internationalen Appell lancéiert, well déi opwenneg Produktioun net ouni professionell Hëllef an deem Beräich realisabel gewiescht wier. D'Decisioun war op d'Firma "Tali Eshkoli Productions" gefall. D'israeelesch Firma hat schonn am Summer 2023 lassgeluecht, fir sech an de Lëtzebuerger Projet eranzeschaffen.

D'Tali Eshkoli war och Cheffin vun der israeelescher Delegatioun beim Eurovision Song Contest a Produzentin vum ESC 2019, deen zu Tel Aviv war. Do dernieft war se vill gefrot als ESC-Jurymember. Donieft hat si awer nach a ganz villen anere Produktiounen hir Fangere mat am Spill, wéi zum Beispill der 70. Editioun vu der "Miss Universe".