
E richtege Stëmmungsbarometer sinn d'ESC-Pre-Partyen.
"Eurovision Song Contest"-Pre-Partye fënnt ee wéi gewinnt all Joer queesch duerch Europa verdeelt op e puer vun de bekanntste Metropolen: zu Madrid, London an Amsterdam.
Dës Partye moossen net just de Bols beim Public, et ass och deen ideale Warming-up, wann een et bis zum eigentlech Event net méi erwaarde kann, säi Favorit scho live z'erliewen. Deels kristalliséiert sech op deene Showe n och eraus, wie d'Potential huet, d'Editioun 2025 ze gewannen. Déi verschidde Participanten notzen d'Pre-Partyen dann och, fir sech schonn emol op d'Gefill op der richteg grousser Bün ze preparéieren. En idealen Training also fir d'Halleffinallen den 13. a 15. Mee, respektiv d'Finall de 17. Mee.
Eng vun de Haaptvenues huet dëst Joer leider misse seng Show annuléieren. D'Organisateure vun der Pre-Party zu Barcelona hu mat vill Bedaueren ugangs Mäerz matgedeelt, dass een den Event um Niveau vun der Sécherheet net realiséiere kéint. Hinne wieren d'Hänn gebonnen a si hunn op déi aner Venues - Oslo, Amsterdam, London a Madrid - verwisen.
Zweet Editioun Nordic Eurovision Party
Soss huet Madrid ëmmer den Ufank gemaach bei de ESC-Pre-Parties, ma d'lescht Joer hat eng nei Venue hiren Ufank. an dat och mat Succès. Déi zweet Editioun vum Nordic Eurovision Party ass dës Kéier dann och e Mount méi fréi, den 22. Mäerz zu Oslo. Den Event war virdru bekannt als Nordic Music Celebration, schéngt sech awer als Pre-Party-Venue z'entwéckelen, déi da wäert zum feste Bestanddeel gehéieren.
Méi Detailer op nordiceurovision.com
Eurovision In Concert zu Amsterdam
Hei schwätze mer vun der gréisster ESC-Pre-Party. Zu Amsterdam Bei dësem Event de 5. Abrëll handelt et sech ëm déi gréissten ESC-Pre-Party., wou net just Fans aus Europa, Australien an aus der ganzer aller Welt an der hollännescher Haaptstad stréimen, ma och de Gros vun de Kandidate vun dësem Joer. An och hei steet d'Laura Thorn op der Bün. An och net iergendeng Bün. D'"AFAS Live"-Bün, déi 2001 offiziell opgaangen ass, huet sech zu enger vun de modernsten Eventplazen an Europa entwéckelt.
Méi Detailer op eurovisioninconcert.nl
MancHagen Eurovision Festival
Lescht Joer hat de MalmöHagen säin Debut als Pre-Party, ma no engem Joer gëtt et och schonn ee Rebranding an den Event heescht elo MancHagen. De Prinzip bleift dee selwechten, en ass just nach vill méi grouss.
Op dräi Deeg - vum 10. bis 13. Abrëll - fënnt een am "Depot Mayfield" net net just vill aktuell Kënschtler, et ass komplett alles am ESC-Stil an den Erléis gëtt u siwen Hëllefsorganisatioune weltwäit.
Malmöhagen Manchester
LEP2025 London Eurovision Party
"Wer hat's erfunden?" - an dësem Fall net d'Schwäiz, wou 1956 déi alleréischt Editioun vun der Eurovisioun war, mä d'Britten. D'Konzept vun de Pre-Partien ass zu London entstanen an 2008 gouf déi éischt ESC-Party och do organiséiert.
Méi Detailer op ldneurovision.com
Iwwer 25 Acts vun dësem Joer gi sech den 13. Abrëll wéi gewinnt erwaart, an och hei ass Lëtzebuerg mam Laura Thorn am Lineup nieft ville fréieren an nach aktuellen ESC-Kënschtler vertrueden.
PrePartyES 2025
Richtege Festival-Feeling kënnt zu Madrid op. Déi spuenesch Pre-Party dauert ganzer dräi Deeg vum 17. bis den 19. Abrëll. A wéi gewinnt ass dat Ganzt an der "Sala La Riviera".
D'Lëtzebuerger Kandidatin Laura Thorn ass ee vun de Kandidate vun dësem Joer a wäert den 19. Abrëll de spuenesche Public mat "La poupée monte le son" animéieren, nieft sëllege Konkurrenten, géint déi d'Sängerin sech muss am Mee zu Basel behaapten.

© u/pdhadam from ESC Discord