Den 20. Mäerz 1965 huet d'France Gall mat "poupée de cire, Poupée de son" fir Lëtzebuerg op der Eurovisioun gewonnen.

A wat géif "d'Poupée" 2025 soen? Déi Fro hu sech och de Julien Salvia an de Ludovic-Alexandre Vidal gestallt. Erauskoum, knapp 60 Joer méi spéit, ee Revival, dee genee an déi nei Generatioun vu Frae passt, respektiv, déi hir Stëmm erhiewen. E Lidd iwwer Autonomie an Onofhängegkeet, an deem sech déi 25 Joer al Sängerin Laura Thorn komplett erëmfënnt.

Bis zum ESC an der Schwäiz ass et dann och net méi laang. A ganz genee zwee Méint wësse mir wien déi nei Trophée dierf mat Heem huelen. Vläicht ass dat souguer d'Laura Thorn fir Lëtzebuerg. E grousst Zil, fir dat och d'Kënschtlerin an hir fënnef Background-Dänzer sech all fräi Minutt preparéieren.

Bis an dee klengsten Detail muss d'Choreographie sëtzen. Ëmmerhin kucken net just déi vill Spectateuren an der Schwäiz no, mä och gutt 160 Millioune Leit doheem virun der Tëlee.

Volle Programm

Ma net just d'Choreographie muss geprouft ginn, dobäi kommen nach Gesangscoursen, vill Rendez-vouse lénks a riets an och déi sougenannte "Postcard" ass scho gedréint ginn. Dës gi jo virum jeeweilegen Optrëtt vun all Kënschtler gewisen. D'Laura Thorn war fir säi Clip extra an d'Schwäiz gereest. Et dierf een also gespaant sinn...

Gespaant sinn dierf een dann och op déi offiziell Versioun vum Lidd fir de Eurovision Song Contest, déi zu Paräis entstanen ass. E klengen Avant-goût kritt een iwwregens e Mëttwoch den Owend um 19 Auer an engem Magazin-Reportage.

An der Welt vum ESC geet et net ouni "gesinn a gesi ginn". En plus muss ee sech mat sengem Lidd ënner 37 Länner behaapten. An deem Kader ginn et déi berüümte Eurovision Pre-Parties. Do kann ee sech déi sëllege Kandidate scho mol am Virfeld ulauschteren an ukucken. Fir de Kënschtler ass et déi ideal Geleeënheet, de Bols bei de Leit ze moossen a virun allem, e Gefill fir esou eng enorm Bün a Public ze kréien. Dës Pre-Parties sinn zu Amsterdam, London an zu Madrid.

Den ESC mat RTL erliewen

Dir kënnt déi dräi ESC-Showe gemittlech vun doheem aus suivéieren. Mir weisen Iech souwuel d'Halleffinalle wéi och d'Finall.

Déi éischt Halleffinall den 13. Mee gëtt et mat Lëtzebuerger Kommentaren. De Stream vun der zweeter Halleffinall de 15. Mee, an där och d'Laura Thorn fir Lëtzebuerg optrëtt, leeft zousätzlech och bei eise Kolleegen vun RTL Infos an Today an de jeeweilege Sproochen.

Fir d'Finall de 17. Mee kënnt Dir mat dobäi si vun 19 Auer u live vu Basel an dat och kommentéiert op dräi Sproochen.