"Poupée de cire, poupée de son", geschriwwe vum Serge Gainsbourg, kritt zu Neapel déi meeschte Punkten. E Réckbléck.

Lëtzebuerg gewënnt, ma sou richteg freeë konnt sech d'France Gall net. De Weekend vum Grand Prix Eurovision de la chanson hat deemools nawell schlecht ugefaangen. Scho bei de Prouwe krute sech Leit aus dem Orchester mam Auteur vum Lidd an d'Hoer, hinnen huet de Rhythmus net gefall. De Gainsbourg soll souguer domat gedreet hunn, säin zweedeitegt Lidd zeréckzezéien.

Ma och d'France Gall gouf deen Owend net verschount. Net just gouf si vun hiren eegene Museker boykottéiert, si gouf och nach ausgepaff. A wéi wann dat net genuch gewiescht wier, krut si no hirem Optrëtt och nach de Kuerf vun hirem Frënd Claude François, iwwer Telefon. De Grond, si hätt falsch gesongen. Gewonnen huet si d'Eurovisioun trotzdeem a stoung um Enn mat Tréinen an den Aen op der Bün. Vu Freed, dat sief emol dohigestallt...

De Concours vu 1965 gouf deemools fir déi éischte Kéier via Intervision och an Osteuropa iwwerdroen. Geschaten 150 Millioune Spectateure ware live dobäi, wéi déi 18 Participante fir hiert jeeweilegt Land ugetruede sinn, dorënner och e jonken Udo Jürgens fir Éisträich. D'France Gall war als Véiertlescht drun.

Véier Mol krut "Poupée de cire, poupée de son" déi meeschte Punkten. Vun 10 anere Länner dogéint gouf et guer kee Punkt. Um Enn war et dann awer d'Victoire fir de Grand-Duché mat 32 Punkten an domat déi zweet Victoire fir Lëtzebuerg beim Grand Prix. Spéitstens do hat de Serge Gainsbourg sech berouegt, ëmmerhi gouf säi Lidd mam gewoten Text europawäit en Hit.

D'Joer drop, 1966, huet domat Lëtzebuerg de Grand Prix Eurovision de la chanson dierfen organiséieren. An dee sollt fir den Udo Jürgens memorabel ginn. D'France Gall soll iwwregens spéider kategoresch refuséieren, dat "dommt" Lidd nach eng Kéier ze sangen. Elo, 60 Joer méi spéit erlieft d'Gewënnertitel vun 1965 mam Laura Thorn an dem ESC-Lidd "La poupée monte le son" ee Revival.

Wie war d'France Gall?

Den 9. Oktober 1947 koum d'Isabelle Geneviève Marie Anne Gall zu Paräis op d'Welt. Hire Papp, de Robert Gall, huet ënner anerem fir de Charles Aznavour an d'Edith Piaf geschriwwen. Mat 15 Joer huet déi jonk Kënschtlerin d'Schoul ofgebrach, fir sech op hir musikalesch Karriär ze konzentréieren. Schonn hiert éischt Lidd "Ne sois pas si bête" war e Succès, besonnesch awer duerch d'Bekanntschaft mam Songwriter Serge Gainbsbourg.

Den Héichpunkt koum natierlech 1965 wéi si ausgewielt gouf, de Grand-Duché bei der Eurovisioun ze vertrieden. Vun den 10 Lidder, déi si sech konnt eraussichen, war et "Poupée de cire, poupée de son".

E Lidd, dat bis haut deene meeschten e Begrëff wäert sinn, ass "Ella, elle l'a", Nummer-eent-Hit vun 1988.

Tëscht 1964 a 1966 war si mam Sänger a Komponist Claude François zesummen. Hir Trennung, wéi mer wësse matte wärend dem Concours, war d'Inspiratioun fir d'Lidd "Comme d'habitude", an deem de François d'Trennung verschafft huet. Dat Lidd krut nach méi spéit ënner dem Titel  "My Way", gesonge vum Frank Sinatra, international Berüümtheet.

Vun 1970 bis 1974 hat d'France Gall eng Relatioun mam Sänger Julien Clerc, bis si de Michel Berger kennegeléiert huet, mat deem si sech 1976 bestuet huet.Am August 1992 ass de Michel Berger am Alter vu 44 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen an nëmmen ee Joer méi spéit krut d'France Gall Broschtkriibs.

Nodeems si 1994 zum Chevalier de la Légion d’honneur ernannt gouf, an no 1995 gouf et du méi roueg. 1997 ass dunn och nach der France Gall hir Duechter Pauline am Alter vun 19 Joer u Mukoviszidose. Dono huet sech d'franséisch Sängerin komplett aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn. De 7. Januar 2018 ass d'France Gall dunn am Alter vu 70 Joer un de Suitte vun hirer Kriibserkrankung gestuerwen. Si gouf um Cimetière de Montmartre zu Paräis am Familljegraf, un der Säit vun hirem Mann an hirer Duechter, bäigesat.