Mat "La Poupée monte le son" huet d'Laura Thorn am Januar de Luxembourg Song Contest gewonnen a vertrëtt Lëtzebuerg dëst Joer um ESC.

Mat der "Eurovisioun Versioun" vum Lidd geet et am Mee op Basel. De Countdown fir déi 69. Editioun fir de Eurovision Song Contest leeft, dofir gëtt och scho vill am Hannergrond preparéiert. Ënner anerem ass dem Laura Thorn säi Gewënnerlidd nach eng Kéier frësch opgeholl ginn. Beim sougenannte "Revamp" gi kleng Ännerunge virgeholl, fir eppes ze verbesseren. D'Lidd bleift grondsätzlech awer dat selwecht. Wéi sech d'Lidd verännert huet, dovunner kann ee sech schonn zanter e Méindeg selwer iwwerzeegen. Déi nei Versioun kann ee sech nämlech op alle Plattforme ulauschteren.

Fir déi nei Versioun ass d'Laura extra op Paräis gefuer, fir do um Lidd ze schaffen. Zesumme mat de Komponiste vum Lidd, dem Ludovic-Alexandre Vidal an dem Julien Salvia. Esou Rendez-vouse gehéieren elo zum neien Alldag vun der jonker Sängerin. Fir dat neit Cover vum Lidd ass och eng nei Foto gemaach ginn. Och déi Biller sinn an engem Paräisser Studio entstanen a sollen engem erméiglechen, mat just engem Bléck ee Gefill fir de Personnage, deen d’Laura am Lidd verkierpert, ze kréien.

Donieft wëll een och am Bild de Message vum Lidd ervirhiewen. "La poupée monte le son" ass eng Uspillung op dem France Gall hiert Lidd "Poupée de cire, poupée de son". Domadder huet Lëtzebuerg 1965, also viru genee 60 Joer, gewonnen.