Et kann een nach net soen, dass de Countdown leeft, ma esou lues komme mer der Saach schonn ellen no.

An nach net emol zwee Méint ass zu Basel an der Schwäiz ee vun de weltwäit gréisste Museksconcoursen. Et versteet sech vum selwen, dass een als Host-City vum ESC nawell en uerdentleche Programm muss op d'Been stellen. Deen ass Basel amgaangen, opzebauen an dem Public ze presentéieren.

Virop: jiddereen, dee keen Ticket krut - iwwregens start den zweete Virverkaf de 27. Mäerz - ka säi Kapp a Rou leeën. Net live dobäi sinn, heescht net, net live dobäi sinn. Basel huet esou ee gutt gefëllte Programm organiséiert, dass, och wann een net bei der Show selwer an der St. Jakobshalle oder an der Arena plus ka stoen, ee garantéiert Live-Feeling erliewe wäert. "Fir eis ass de Eurovision Song Contest méi wéi just eng TV-Show", huet de Regierungspresident vum Kanton Basel versprach.

Zéngdausende Museksfans aus ganz Europa ginn tëscht dem 10. an dem 17. Mee zu Basel erwaart. Den A an O ass do de Persounentransport a fir der Mass u Spectateuren a Visiteure Meeschter ze ginn, huet d'Schwäizer Bundesbahn (SBB) decidéiert, Extra-Zich anzesetzen. No der Show brénge Shuttle-Busser een nees zeréck op d'Haaptgare, wou ee seng nächst Zuchverbindung kritt an dat gëllt bis an déi fréi Moiesstonnen. Um Owend vun der Finall kommen dann nach emol e puer Zich méi an den Asaz.

Kënnt een am "Badischen Bahnhof" zu Basel un, kann ee sech bal net verléieren, Feiler a Schëlder weisen engem de Wee bis bei de "Eurovision Boulevard". Dëse verbënnt de Badische Banhhof mat der Schwäizer Gare SBB an op deem Wee leien dann och déi ënnerschiddlech ESC-Statiounen an Attraktiounen.

Iwwregens wäerten d'Stroossen zu Basel an ëffentlech Plaze komplett am ESC-Look sinn. An eng alleréischte Kéier ass en "Eurovision Village" komplett indoor.

Wien ze Fous goe wëll, kënnt vum Badischen Bahnhof no e puer Meter an de "Eurovision Village" am MesseQuartier Basel an der Hal 1. Do ginn et Casieren, eng Garderobe an och extra geschützte Raim, wann ee sech entweder belästegt oder bedrängt fillt. Fir esou Fäll huet Basel och wärend der ESC-Woch eng Hotline ageriicht.

Op ville Locations si Concerte vu fréieren ESC-Stars wéi zum Beispill der Conchita Wurst, Anna Rossinelli oder nach dem Michael Schulte geplangt. Um Programm stinn awer och Optrëtter vu Rednex oder nach SNAP! souwéi d'"ABBA Gold - The Concert Show". Am Ganze sinn iwwer 50 Open-Air-Acts an der ESC-Woch zu Basel virgesinn an dat eleng um Basler Barfüsserplatz. Dësen heescht dann och anescht an nennt sech eng Woch laang "Eurovision Square". An esou vill sief versprach, fir all Museksgoût wäert do eppes dobäi sinn. Wie léiwer selwer séngt, dofir ass virgesuergt mam Projet "Sing! Basel", wou d'Leit kënne gemeinsam an engem grousse Chouer sangen.

Wien et léiwer kënschtleresch ugehaucht huet, fir dee ginn et am Historischen Museum Basel Ausstellungen zum Thema Eurovision Song Contest.

D'Musek wäert, an dat wuertwiertlech, d'ESC-Woch zu Basel markéieren an iwwerall an der Loft leien. D'Stad huet dofir gesuergt, dass och déi lokal Stroossekënschtler op hir Käschte kommen. Iwwerall kënne si op méi klenge Bünen optrieden, ouni Verstäerker, dofir awer bis 23 Auer. Wiem dat alles nach ëmmer net duergeet an einfach net genuch vum ESC kritt, dee ka vun 23 Auer u bis d'Sonn nees opgeet, am "EuroClub" ofdanzen a feieren. Als Line-Up op deenen DJ-Owender sinn d'Emmelie de Forest (ESC-Gewënner 2013 fir Dänemark), Cesár Sampson (Éisträich 2018) an Jerry Heil (Ukrain 2024) confirméiert. Fir de Warming-up bitt sech idealerweis nach de "EuroCafé" un, wou ee sech vu 16 Auer un an déi richteg ESC-Stëmmung brénge kann, mat Snacks an Drinks wuelverstanen.

A ganz interessant: Eng Spärstonn gëtt et an der ESC-Woch zu Basel net. Déi ass opgehuewen! Fräi Nuechte ginn et u sech zu Basel net, zanter dem 1. Juli 2020 gëllt d'Reegel um 23 Auer ass Feierowend, ma an dësem Fall wéilt ee sech als "weltoppe Stad" weisen.