
© Eurovision.tv / EBU
Et ass net méi laang bis et fir d'Laura Thorn Direktioun Basel an der Schwäiz geet, an zwar op déi grouss ESC-Bün.
En Donneschdeg gouf um YouTube-Kanal vum Eurovision Song Contest devoiléiert, a wéi enger Reiefolleg déi 37 Länner an den zwou Halleffinallen untrieden.
Reiefolleg vun der éischter Halleffinall
An engem éischte Stream war et un de Länner aus der éischter Halleffinall den 13. Mee:
Island
Polen
Slowenien
Estland
Spuenien*
Ukrain
Schweden
Portugal
Norwegen
Belsch
Italien*
Aserbaidjan
San Marino
Albanien
Holland
Kroatien
Schwäiz*
Zypern
Reiefolleg vun der zweeter Halleffinall
An engem weidere Stream war et dunn un de Länner aus der zweeter Halleffinall den 15. Mee an dorënner och Lëtzebuerg mam Laura. Zu dëse Géigner gehéieren Tschechien, Israel, Malta, Finnland, Dänemark, Georgien a Serbien.
Australien
Montenegro
Irland
Lettland
Armenien
Éisträich
Groussbritannien*
Griichenland
Litauen
Malta
Georgien
Frankräich*
Dänemark
Tschechien
Lëtzebuerg
Israel
Däitschland*
Serbien
Finnland
*Däitschland, Frankräich, Spuenien, Groussbritannien an Italien zu de sougenannte Big Five. Dës Länner sinn automatesch an der Finall, trieden awer bei den Halleffinalle mat op. D'Schwäiz muss sech als Gewënner vum ESC d'lescht Joer an als Host-Land och net an den Halleffinalle behaapten.