A sechs Wochen ass et souwäit, da steet d'Laura Thorn fir Lëtzebuerg zu Basel op der Bün vum Eurovision Song Contest.
Et ass also Endphas wéi ee sou schéi seet, ier et richteg eescht gëtt. Elo heescht et gesinn a gesi ginn, besonnesch wann et ëm d'ESC-Welt geet.
An deem Sënn wäert een d'Lëtzebuerger Kandidatin an nächster Zäit méi dacks op de verschiddenste Plazen an Europa gesinn. Do wieren zum Beispill déi sëllege Eurovision Pre-Parties, déi ideal Geleeënheet net just e Gefill fir sou eng Bün an esou e grousse Public ze kréien, ma och fir de Bols ze fillen, wéi een ukënnt dobaussen.
Leschte Weekend war d'Laura zu Paräis an huet sech do mat der Dragqueen "La Briochée" getraff, déi zum Cabaret Madame Arthur gehéiert. Et handelt sech dobäi ëm deen eelste cabaret travesti vun der Welt, deen 1946 matten am berüümte Quartier Pigalle gegrënnt gouf.
Dobäi muss ee wëssen, dass d'Maëva Trioux, och bekannt als La Briochée, e grousse Fan vum Eurovision Song Contest ass a besonnesch vum Lëtzebuerger Lidd. An dofir huet d'bekannten Dragqueen d'Laura och op Paräis invitéiert, wou si zesumme "La poupée monte le son" gesongen hunn a fir vill Begeeschterung gesuergt hunn. Mat vun der Partie waren iwwregens och béid Komponiste vum Lidd, de Ludovic-Alexandre Vidal an de Julien Salvia.