Et ass nach ee gudde Mount bis de Eurovision Song Contest, bei deem dëst Joer d'Laura Thorn Lëtzebuerg vertrëtt.
Eng laang Traditioun hunn dobäi och déi sougenannte Prepartyen. Concerten, op deenen déi verschidde Vertrieder hir Lidder live virun internationalen ESC-Fans sangen. Ee vun deenen Eventer ass de "Eurovision in Concert" zu Amsterdam an der AFAS Live Arena. Dee gëtt et zanter 2009 an ass vu Fans selwer an d'Liewe geruff ginn, fir den ESC nees méi beléift beim Grand Public ze maachen. Bis haut kann een also praktesch all d'Artisten hautno a live e gudde Mount virum ESC um Concert erliewen. Ee Pleséier fir d'Fans, eng éischt Feierprouf fir d'Artisten.
Fir d'Laura Thorn war dëst dee bis elo gréisste Live-Optrëtt. Besonnesch huet sech déi 25 Joer al Sängerin iwwer d'Lëtzebuerger Fändelen am Publikum gefreet, an dass hiert Lidd "La poupée monte le son" matgesonge ginn ass. "D'Leit waren 'On Fire'. Ech mengen ech hunn nach ni virun esou ville Leit gesongen a mengem Liewen. Mega krass. Du realiséiers dat an deenen 3 Minutten net."
D'Laura Thorn wäert nach op zwee aneren esou Eventer optrieden. Dëse Weekend zu London op der "London Eurovision Party" an e puer Deeg drop op der "PrePartyES" zu Madrid. De "Eurovision in Concert" zu Amsterdam ass déi gréisst Preparty.