Wien ass eis gréisste Konkurrenz um Eurovision Song Contest? Där Fro ass een op der Eurovision Preview Night zu Biissen nogaangen.

Esou lues leeft Countdown fir d’Eurovisioun a Biissen schéngt scho mattendran am ESC-Féiwer. Op der Eurovision Preview Night stoungen net just d’Finaliste vum Lëtzebuerger Virentscheed op der Bün, mä och d’Laura Thorn, déi Lëtzebuerg jo zu Basel vertriede wäert.

Am zweeten Deel vum Owend gouf eis international Konkurrenz fir den ESC ënner d'Lupp geholl. De Public konnt sech all déi offiziell Museksvideoen ukucken an dann an enger App fir seng perséinlech Top 10 ofstëmmen.

RTL

Op d'Plaz 3 huet et fir de Biisser Public den albanesche Duo Shkodra Elektronike mat "Zjerm" gepackt, Plaz 2 goung u KAJ mat "Bara Bada Bastu", déi fir Schweden untrieden. De Libling war mat 271 Punkten awer de Claude, dee mat "C'est la vie" Holland vertrëtt.

Wéi representativ de Goût vum Biisser Public ass, gesäit een dann de 17. Mee an der grousser Finall zu Basel. Ob och Lëtzebuerg do dobäi wäert sinn, entscheet sech de 15. Mee an der zweeter Halleffinall.

Éischten Episod "Prett fir Basel"

Wie sinn d'Favoritten a wéi stinn d'Chancë fir Lëtzebuerg?
Wëllt Dir och wëssen wien an de Wettbüroen d'Nues vir huet? Da kuckt eis Serie op RTL Play.