E Sonndeg de Moien ass et fir d'Laura Thorn an déi Lëtzebuerger Delegatioun op Basel gaangen. De 6. Mee gëtt eng éischte Kéier op der grousser Bün an der Schwäiz geprouft.

Et sinn nach 11 Deeg, da steet d'Laura Thorn op der grousser Bün vun der Eurovisioun. An der 2. Halleffinall (donneschdes, de 15. Mee) muss et sech da géint 15 aner Länner duerchsetzen, fir um Enn an der Finall kënnen de 17. Mee ze sangen.

Ënnerwee op Basel: Fir d'Laura Thorn geet et elo op den ESC
Et sinn nach 11 Deeg, da steet d'Laura Thorn op der grousser Bün vun der Eurovisioun.

E Sonndeg de Moien ass et lassgaangen a virun der RTL City hate sech och eng Partie Fans Rendez-vous ginn an hunn dem Laura nach emol bonne Chance gewënscht an haten och extra  "Poupéeë" gebastelt. Am Kader vun engem Concours, deen RTL lancéiert hat, konnte Fans dem Laura Thorn e Glécksbrénger bastelen. Dës Kreatioune goufen der ESC-Kandidatin iwwerreecht a ginn dann elo och mat op Basel geholl.

Fir d'Laura waren déi lescht Deeg stresseg, well et huet misse vill geprouft ginn. Et hat nach munch Optrëtter op verschiddenen Evenementer an och dem Beruff als Enseignante am Escher Conservatoire ass d'Laura permanent weider nokomm. D’Sängerin huet also villes missen ënnert een Hutt kréien. Véier Wallisse voll mat Kleeder hëlt d'Laura mat op Basel, et wier dofir e Samschdeg den Owend nach emol schéi chaotesch Doheem gewiescht, fir datt och alles mat Zäite fäerdeg wier.

Dem Laura säi Frënd, de Félix, huet an de leschte Méint seng Partnerin vill ënnerstëtzt a wäert och selwer op Basel kommen. Hien huet am Haushalt vill gehollef a gemeinsam huet hie probéiert, alles sou gutt wei méiglech ze koordinéieren.

Zu Basel gëtt elo e Méindeg eng éischte Kéier op der grousser Bün geprouft. E weidere wichtege Rendez-vous ass e Sonndeg den 11. Mee. Den "Turquoise Carpet" markéiert de Startschoss vun der ESC-Woch zu Basel an alleguerten d’Artiste presentéiere sech do an engem ganz extrae Look a gi bannent puer Stonnen Honnerte vun Interviewen.

De Eurovision Song Contest dëst Joer an der Schwäiz wäert sécherlech och an d'Geschicht agoen. Nodeems déi éischt Editioun vum ESC 1956 zu Lugano an der Schwäiz organiséiert ginn ass, ass en elo also erëm an deem Land zeréck, wou e säin Ursprong fonnt huet. Nemo konnt d'lescht Joer a Schweden zu Malmö jo eng Victoire feieren an huet sou den ESC erëm zeréck an d'Schwäiz bruecht.