Deene meeschten dierft "Poupée monte le son" oder den Numm "Laura Thorn" ee Begrëff sinn. An enger gudder Woch steet d'Lëtzebuerger Sängerin op der Bün a muss sech fir d’Finall qualifizéieren.

Ma géint wien trëtt hatt iwwerhaapt an der Halleffinall un? D'Lea Schwartz mat engem Resumé iwwert d'Acts vun der zweeter Halleffinall. 

Finnland – Erika Vikman mat "Ich komme"

Fir d'Erika Vikman ass et den zweeten ESC-Versuch. 2020 hat d'Sängerin déi zweet Plaz an der Finnescher national Finall gemaach. Zanterdeem hat si Optrëtter an diverse finnesche Fernseeshowen an huet 2021 een Nummer-1-Album an de finneschen Charts rausbruecht. Mat "Ich komme" huet et dëst Joer dann och fir den ESC geklappt. 

Éisträich - JJ (Johannes Pietsch) mat "Wasted Love"

Vum Operesänger op den ESC, de Johannes Pietsch verbënnt mat deem Lidd seng zwou Welten: Pop an Oper. Den JJ huet seng Gesangsausbildung an der Wiener Staatsoper ofgeschloss a war schonn an zwou Gesangsshowen ze gesinn. Opgepasst, wann dir d'Lidd online sicht. 2020 hat schonn eng Kéier een JJ (JJSine) d'Iddi, ee Lidd rauszebréngen, dat "Wasted Love" heescht. Mam ESC-Lidd huet et awer näischt ze dinn. 

Israel – Yuval Raphael mat "New Day will Rise"

"New Day will Rise" heescht d'Lidd, dat d'Yuval Raphael fir Israel séngt. Déi 23 Joer al Sängerin huet déi national Virentscheedung gewonnen. Si hat d'Lidd den Affer vum Nova Museks Festival de 7. November 2023 dediéiert, op deem si selwer war a blesséiert gouf.

Malta – Miriana Conte mat "Serving"

Malta schéckt d'Miriana Conte. D'Sängerin ass de Beweis, dass Ausdauer sech bezuelt mécht. Et war nämlech déi 5. Kéier, dass si an der malteesescher Virentscheedung matgemaach huet. Dëst Joer huet si deemno gewonne mat hirem Lidd "Serving". Den Originaltitel war "Kant", deen huet awer misste geännert gi well et änlech kléngt, wéi eng Frechheet op Englesch. Op malteesesch bedeit et "Sangen". Et wier dat eenzegt malteesescht Wuert am Lidd gewiescht, de Rescht vum Text gëtt op Englesch gesongen. 

Griichenland – Klavdia mat "Asteromata"

D'Lidd "Asteromata" huet déi national Virentscheedung a Griichenland gewonnen. Den engleschen Titel vum Lidd ass "Starry Eyed". D'Sängerin Klavdia thematiséiert an där Ballad Sujete wéi forcéiert Migratioun an d'Nout vu Refugiéeën. Dobäi inspiréiert si sech un der Geschicht vun hirer Groussmamm, déi aus hirer Heemecht an der Tierkei misst flüchten. D'Sängerin staamt vun enger griichesch-orthodoxer Minoritéit of.      

Litauen – Katarsis mat "Tavo Akys"

Tavo Akys ass litauesch an heescht esouvill wéi "Däi Bléck" oder "Deng Aen".  Katarsis ass eng Alternative Rockband a besteet aus véier Museker, dem Sänger Lukas Radzevičius, dem Gitarist Alanas Brasas, der Bass Gitaristin Emilija Kandratavičiūtė an dem Drummer Jokūbas Andriulis. Katarsis gëtt et zanter 2020 a am hirem ESC-Lidd gëtt eng Situatioun beschriwwen, an där ee vill Leed erlieft. Et bleift extra vage, dass jidderee sech an de Gefiller erëmfanne kann. 

Australien – Go-Jo mat "The Milkshake Man"

Mat biergerlechem Numm heescht de Go-Jo Marty Zambotto. Hien huet australesch a franséisch Originnen an ass zanter knapp 10 Joer am Museksgeschäft aktiv. Seng Musek bis elo war eng Mëschung aus Pop, Indie a Folkmusek. Fir d'10 Joer, déi Australien elo beim ESC dobäi ass, ze feieren, hätt ee wéilten eppes méi Spezielles schécken. Rauskomm ass de "Milkshake Man". De Go-Jo kann eegenen Aussoen no iwwregens Einrad fueren, wärend hie Gittar spillt.

Serbien – Princ mat "Mila"

Fir Serbien séngt de Princ. Säi Lidd "Mila" heescht "Libling". Am Lidd geet et ëm ee Mann, dee senger Léift notrauert. Fir de Sänger huet et awer nach eng extra Bedeitung, seng Kaz heescht nämlech och Mila an déi begleet hien och iwwerall hin.

Irland – Emmy mat "Laika Party" 

Eng Norwegerin séngt fir Irland. An der Late Late Night Show huet d'Emmy déi iresch Virentscheedung gewonnen a geet zesumme mat hirem Brudder op Basel mam Lidd "Laika Party". Am Lidd geet et ëm den Hond Laika, deen d'Russen 1957 an de Weltraum geschéckt hunn an do och puer Stonnen nom Start gestuerwen ass. Am Lidd stellt sech d'Emmy fir d'Laika géif nach liewen.

Dänemark- Sissal mat "Hallucination"

Dänemark ass fir déi zweete Kéier an der ESC-Geschicht vun enger Sängerin vun de Färöer-Insele representéiert. D'Sissal séngt zanterdeem si 10 Joer al a war zanter jeehier och ee ganz grousse Fan vun der Eurovisioun. De Wonsch, emol selwer op der ESC-Bün ze stoen, wier also schonn erfëllt. Kann d'Sängerin elo nach mam Lidd "Hallucination" wannen?

Armenien – Parg mat "Survivor"

De Kënschtler Parg séngt normalerweis op Armenesch, fir säin ESC-Titel séngt hien awer ganz op Englesch. Et ass eng Mëschung aus verschiddene Museksgenrë mat engem grousse Rock-Undeel.  

Lettland - Tautumeitas mat "Bur Man Laimi" 

Tautumeitas sangen an hirer Landessprooch Lettesch. "Bur Man Laimi" heescht iwwersat Gesang fir d'Gléck. Déi selwecht Textzeile ginn ëmmer nees widderholl, bal wéi eng Zauberformel. Hiren Optrëtt soll een an eng aner Welt entféiere voller Magie, Natur a gudde Feeën.

Georgien – Mariam Shengelia mat "Freedom"

D’Mariam Shengelia ass an enger klenger Stad a Georgien gebuer an huet keng klassesch Gesangsausbildung. Déi éischte Kéier ass d'Sängerin bei der georgescher Versioun vun "X-Faktor" erausgestach. Duerno huet si bei "The Voice Georgia" matgemaach an huet et elo also op déi grouss ESC-Bün gepackt. D'Mariam Shengelia ass och Deel vun der Band Mixtura.

Albanien - Shokdra Elektronike mat "Zjerm"

"Zjerm" bedeit Feier a gëtt vum Duo Shokdra Elektronike gesongen. Si mëschen traditionell Téin mat zäitgenëssescher Musek a verbannen sou d'Vergaangenheet an d'Géigewaart. Hannert dem Projet Shokdra Elektronike stiechen d'Beatriçe Gjergji an de de Kolë Laca. Si sinn allen zwee an der albanescher Stad Shkodër gebuer an als Immigranten an Italien opgewuess. Hir Museksrichtung beschreiwe si als "Post Immigrant Pop".  

Belsch - Red Sebastian mat "Strobe Lights" 

"Strobe Lights" ass d'Lidd vum belsche Stellvertrieder, dee sech géint 7 aner Konkurrenten an der nationaler Finall duerchgesat huet. De Seppe Herreman, wéi de Red Sebastian mat biergerlechem Numm heescht, kënnt gebierteg vun Ostende a stoung mat 14 Joer schonn eng Kéier an der Final vun enger Tëleesemissioun "Belgium’s got talent". 

Spuenien - Melody mat "Esa Diva"

"Esa Diva" heescht d'Lidd, mat deem d'Melody de Benidorm Festival gewonnen huet. 2009 huet d'Sängerin et schonn eng Kéier probéiert. D'Melody ass eng bekannte Sängerin a Spuenien an hat mat 10 Joer hiren éischten Hit. Spuenien gehéiert zu de Big Five an ass domadder och sécher an der Final 

Slowenien - Klemen mat "How much time do we have left?"

"How much time do we have left?”, ass eng emotional Ballad, an deem de Klemen Slakonja d'Kriibsdiagnos vu senger Partnerin verschafft. A Slowenien ass hie virun allem als Moderator a fir seng Parodië bekannt. Fir säin ESC-Lidd weist hie sech elo vun enger anerer Säit an dat huet dem Public an der sloweenescher Virentscheedung esou gefall, dass si hien op den ESC schécken.

Montenegro - Nina Žižić mat "Dobrodošli"

D’Nina Žižić  stoung 2013 schonn eng Kéier op der ESC-Bün. An der nationaler Virentscheedung gouf d'Sängerin dëst Joer awer just Zweet. D'Band, déi eigentlech gewonnen huet, huet missen d'Kandidatur zeréckzéien. Et koum raus, dass hiert Lidd scho virum September publizéiert gouf, dat verstéisst géint Reegelen.