Den Eurovision Song Contest zu Basel ass e Sonndeg mam Turquoise Carpet offiziell lancéiert ginn.
Do virdrun hu mir d'Geleeënheet kritt, mam Trio KAJ ze schwätzen, eng Grupp aus Finnland, déi Schweden um ESC vertrëtt. Mat hirem Titel "Bara Bada Bastu", engem humorvolle Lidd iwwer d'Freed un der Sauna, brénge si eng eenzegaarteg Mëschung aus Musek an Humor op d'Bün.
D'Grupp KAJ, dat sinn de Kevin Holmström, Axel Åhman a Jakob Norrgård. Si si bekannt fir hir originell Kombinatioun aus Musek a Komedie, déi si op schweedesch mat engem finneschen Touch presentéieren. Si hu sech um "Melodifestivalen" konnten duerchsetzen a ware richteg beléift beim Public. Elo gi si um Eurovision Song Contest 2025 als Favoritte gehandelt.
Am Interview hu si eis erzielt, wéi si d'Iddi fir hiert Lidd entstanen ass a wéi si dat erliewen, Schweden trotz hire finnesche Wuerzelen ze vertrieden a wat ee sech ka vun hirem Optrëtt erwaarden.