Et ass all Joer de groussen Optakt vum Eurovision Song Contest: den Turquoise Carpet.
Et ass do, wou all Natioun sech virun der internationaler Press weist an déi eenzel Sänger a Sängerinnen Honnerte vun Interviewe ginn.
E Sonndeg de Mëtteg kuerz viru 14 Auer gouf den ESC offiziell lancéiert. Fir d'Lëtzebuerger Delegatioun war dat e ganz wichtege Rendez-vous. Gesinn a gesi ginn ass hei grouss geschriwwen, mam Zil, dass natierlech herno iwwert ee geschwat gëtt an dat war och dem Laura säin Zil. Dofir hat ee sech eppes Extraes afale gelooss. D’Laura gouf vu sengen Dänzer op engem grousse Schlëssel iwwert den turquoise-faarwegen Teppech transportéiert.

© Patrycja Pruchenska / Eric Lehmann / RTL
Awer och soss ass dësen Turquoise Carpet besonnesch, en ass schliisslech mat 1,3 Kilometer dee längsten, deen et jee gouf. Den ESC verbënnt Kulturen a stellt d’Diversitéit vun Europa an de Mëttelpunkt an dat och dëst Joer nees.
Alleguerten d’Natioune si vun der Gemengeplaz bis bei d’Baseler Messe mam Tram gefuer an hunn duerno Honnerte vun Interviewe ginn. Eleng d’Laura Thorn, d’Sängerin déi fir Lëtzebuerg séngt, war fënnef Stonnen ënnerwee, wéi et eis verroden huet.
Dausende Leit waren an der Stad mat dobäi, dorënner och vill pro-palästinensesch Demonstranten.
Den ESC 2025 zu Basel ass domat offiziell lancéiert. Den nächste Rendez-vous ass en Dënschdeg den Owend, dann ass nämlech déi éischt Halleffinall. Do ass Lëtzebuerg nach net dobäi, d'Laura Thorn muss sech en Donneschdeg 15. Mee beweisen. An dann heescht et, ganz fest d’Daumen drécken.