
© Patrycja Pruchenska / RTL
Et ass ESC-Woch an d'Laura Thorn ass aktuell zu Basel. Do ass et awer net eleng, bei sech huet et seng Gesangscoachen.
Eng vun hinnen ass d’Franceasca Aaen. Mir hunn him bei der Aarbecht iwwer d'Schëller gekuckt an op wat d'Laura muss oppassen, ier a wann et an der Schwäiz op der Bün steet.
Franceasca Aaen:
"Et geet drëms, d'Energie oprecht an d'Stëmm gesond ze halen. Wéi gutt dat geléngt, hänkt immens vill vum Laura senger physescher a mentaler Gesondheet of. Kritt et genuch Schlof, drénkt et genuch, ësst et genuch a - ganz wichteg - kritt et genuch Zäit, fir sech och z’entspanen? All déi haart Aarbecht un der Stëmm ass gemaach, elo geet et drëm, dat um Lafen ze halen."
Nieft där ganzer Aarbecht hunn d’Vocalcoachen awer och nach en aneren Trick: si schaffe mat engem sougenannten Nebulizer. Wat ass dat da fir en Apparillo?
Franceasca Aaen:
"Dat ass e klengen Apparat, dee mir 'Nebulizer' gedeeft hunn. Du inhaléiers eng Kachsalzléisung, wéi s de se och an der Apdikt kriss. Dat hëlleft, dass d'Stëmmbänner net ze dréche ginn. Dat sinn esou kleng Tricken… mee an der Haaptsaach gëtt et drëms genuch z’iessen, ze drénken, an ze schlofen."
D’Susanne Georgi stoung 2009 selwer beim ESC op der Bün. D'Laura Thorn wäert sech beim Optrëtt sécherlech och nees vill beweegen a genee do kënnt si an d'Spill. Mir wollte wëssen, wéi trainéiert een dat, dass een net ausser Otem kënnt?
Susanne Georgi:
"Eleng duerch d'Opreegung an den Adrenalin kanns du heiansdo ausser Otem geroden. Mee mir ware strikt mam Laura, hatt huet misse vill Kardio maachen. Et huet och um Lafband misse sangen! Wat ee physesch méi fit bass, wat et besser wäert goen. Mee d’Laura ass richteg gutt. Hatt huet all Dag trainéiert. Zanterdeem, dass et den LSC gewonnen huet, hu mir mat him un deene Saache geschafft an et musse ee soen, hatt ass e richtege Star!"