
© RTL Archivbild
E Samschdeg den Owend ass déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest.
Fir eis mat derbäi ass d'Laura Thorn mat "La poupée monte le son". Méi am Hannergrond, awer nonstop mat u senger Säit ass nieft enger ganzer Delegatioun och d'Elisabeth Conter. Si ass Assistant Head of Delegation.
Mir wollte vun hir wëssen, wéi eis Chancë fir Lëtzebuerg stinn den Owend?
"D'Chancë sti gutt, mä et ass näischt gewonnen, well et si ganz vill Länner, déi e bëssen déi nämmlecht Chance virausgesot kréien. Et hänkt eben dovunner of, wéi iwwerzeegend eise Staging ass, wéi iwwerzeegend eis Performance ass."
Wéi ass et hannert de Kulissen? Wat soen déi aner iwwer "La poupée monte le son "?
"Déi intern Retoure si ganz positiv!"
Wat entscheet dann um Enn, ob ee weiderkënnt a wat erwaart eis beim Laura op der Bün?
"Et geet vill drëms, wat déi verschidden Natioune sech ausgeduecht hu fir hir Büneshow. Et geet jo net nëmmen ëm d'Lidd, Eurovisioun ass Show, e grousse Spektakel. Et geet einfach dorëms, wat alles ronderëm geschitt. D'Leit wäerten dat gesinn, wa se dem Laura seng Performance mat senger Dänzer gesinn, do steet net just nëmmen een op der Bün, do geschitt ganz vill ronderëm. Et gëtt gedanzt, sou vill kann ee scho verroden! Mee do geschéien och nach ganz vill aner Saache ronderëm an dat ass natierlech deelweis och eng Surprise. Et muss een ëmmer e bëssi jongléieren tëscht deem, wat ee scho verréit, an deem, wat ee nach net verréit."
D'Laura Thorn an der Finall vum ESC heescht et also den Owend bei eis op der Tëlee live, kommentéiert op Lëtzebuergesch vum Raoul Roos a Roger Saurfled.