Haut den Owend steet d’Laura Thorn an der zweeter Halleffinall vum Eurovision Song Contest a muss sech géint 15 aner Natiounen duerchsetzen.
10 vun deene 16 kommen um Enn weider a stinn e Samschdeg an der Finall. De Loïc Juchem huet d'Laura Thorn viru sengem groussen Optrëtt nach fir en Interview zu Basel getraff.
D'Laura genéisst déi Zäit zu Basel a vollen Zich, et géing sech dofir och net ze vill stressen. Direkt nom ESC wëll et awer keng Paus maachen, mee nei Musek produzéieren, fir dann an Zukunft och kënnen Optrëtter ze ginn. Zu Basel selwer huet d'Sängerin och haaptsächlech Zäit mat de Lëtzebuerger verbruecht, och well een e gemeinsamen Instagram-Account huet, dee fläisseg gefëllt gëtt. Virun allem mat den Dänzer hätt et sech gutt verstanen.
Am Januar hat d'Laura jo de Luxembourg Song Contest gewonnen a vun deem Moment un huet et misse séier goen. Et ware just e puer Wochen Zäit an dunn huet den Optrëtt misse sëtzen. Wärend der ganzer Zäit huet d'Laura och net opgehale mat schaffen. Dat war eng Erausfuerderung, mee déi jonk Sängerin géing dat och ëmmer erëm sou maachen. E Vollzäitjob an op der Eurovisiounsbün stoen, kéint ee matenee kombinéieren.
E gréissere Problem war awer dem Laura seng Stëmm,. D'Lidd "La Poupée monte le son" wier net einfach ze sangen a gläichzäiteg nach alleguerten déi Interviewen ze ginn, ass fir d'Stëmm erausfuerderend. Et ass an deene leschte Wochen dofir och scho virkomm, datt d'Laura seng Stëmm verluer huet. Déi lescht Deeg huet et also immens gutt missten dorobber oppassen.
Wéi fit d'Stëmm um Enn ass, gesitt Dir am Reportage an natierlech den Owend um 21 Auer. Déi zweet Halleffinall kënnt Dir op RTL an op RTL Play kucken.