Vum 15. bis den 18. Mee verwandelt sech d'Place de la Liberté zu Schëffleng quasi an e Eurovision Village.

Wärend deenen Deeg kann ee sech do souwuel musikalesch wéi och kulinaresch verwinne loossen. Donieft si sëllegen Aktivitéite wéi zum Beispill e "Poupée"-Workshopp organiséiert souwéi aner musikalesch Highlights a special Guests.

Hongereg bleift keen, de Eurovision Pulic Viewing ass nämlech am Kader vum Schëfflenger Street Food Festival geplangt, mat enger breeder Auswiel u Foodtrucks aus der Regioun an aus dem Ausland.

Den 15. a 17. Mee erwaart Iech eng live Iwwerdroung vum Eurovision Song Contest – d’Halleffinall an déi grouss Finall ginn op engem groussen Ecran op der Plaz gewisen. Gemeinsam heescht et da fest d'Daume gedréckt fir d'Lëtzebuerger Kandidatin Laura Thorn!

RTL

© Gemeng Schëffleng

RTL

© Gemeng Schëffleng