Iwwerdeems 15 Länner respektiv Kandidate sech fir d'Bün fir déi éischt Halleffinall prett gemaach hunn, stoung d'Laura op enger anerer Bün.
Nieft ville Prouwen an de leschten Deeg stoung d'Kandidatin fir Lëtzebuerg awer och nach en Dënschdeg am Nomëtteg am Eurovision Village op der Bün an hat do en Optrëtt viru Fans aus der ganzer Welt. Och ESC-Fans vu Lëtzebuerg waren ënnert dem Public, ëmsou méi grouss war d'Freed, dass si do och mat der Sängerin a Kontakt komme konnten, déi sech vill Zäit geholl huet, fir mat de Fans Fotoen ze maachen. D'Supporter komme vun iwwerall aus Europa op Basel gereest, eng 500.000 Léit gi sech iwwert déi nächst Deeg erwaart, ma och Lëtzebuerger hunn de Wee op Basel fonnt. Sie wéilten d'Laura ënnerstëtzen a beim groussen Optrëtt en Donneschdeg dobäi sinn.
Dräi Minutten huet de ganzen Optrëtt just gedauert, ma dat dann awer an enger voller Hal. Wéi sech dat fir en ESC gehéiert, gëtt et zu Basel eng Plaz, wou Concerten a Public Viewingen organiséiert ginn an dat ass um Baseler Messegelände.
Esou een Optrëtt ass net ganz selbstverständlech, all Sänger muss nämlech virun allem eppes an dat ass seng Stëmm schounen. Zum Entourage vum Laura gehéieren dofir ganz kloer och d'Vocal Coaches. Si kucken no him an hunn déi lescht Deeg virun allem dofir gesuergt, datt d'Laura och mol roueg Momenter huet, an deenen et net muss sangen oder Interviewe ginn. Dësen Optrëtt vun dräi Minutten hätte si awer accordéiert, virun allem ass et gutt, wann een op dëser klenger Bün nach emol kuerz virdrun den Adrenalin spiert.
Donieft war en Dënschdeg nach eng Receptioun op Invitatioun vun der däitscher an der éisträichescher Ambassade, wou ënner anerem déi jeeweileg Kandidate mat dobäi waren, ma och de Stefan Raab an den Elton.