
© Image EBU
Déi 23. Editioun vum ESC fir déi méi Kléng wäert also Mëtt Dezember an der georgescher Haaptstad organiséiert ginn. Dëst huet och elo d'EBU offiziell confirméiert, nodeems déi georgesch Regierung dëst scho matgedeelt hat.
Georgien huet jo zejoert bekanntlech de Junior ESC zu Madrid gewonnen, dat mam Andria Putkaradze sengem Lidd "To My Mum". Beim Junior ESC ass et iwwregens esou, dass e Land dat gewënnt, net gezwongenermoossen den ESC d'Joer drop och ausdroe muss. Georgien beispillsweis hält de Rekord mat de meeschte Victoirë beim Junior ESC, nämlech véier un der Zuel. An dach ass 2025 eréischt déi zweete Kéier, dass den ESC a Georgien wäert sinn. Am Joer 2017 war de Junior ESC eng éischte Kéier zu Tiflis.
Op wéi enger Plaz genee an der Stad d'Show wäert sinn, ass awer nach net gewosst. Kloer ass awer, dass dës Variant vum ESC um 17 Auer eiser Zäit wäert lassgoen, dat Samschdes (an net Sonndes, wéi an sech déi Jore virdrun) den 13. Dezember 2025. De Sender deen dëst iwwerdréit ass den ëffentlech-rechtleche georgesche Sender GPB.
Zéng Länner hunn da schonn offiziell zougesot, beim Junior ESC 2025 matzemaachen: Albanien, Georgien, Irland, Italien, Kroatien, Nordmazedonien, Holland, Portugal, Polen a San Marino. Eng Partie Ofsoe goufen et dann awer och schonn, dat ënnert anerem aus Estland, Dänemark, Israel, der Schwäiz, Australien, Lettland, Schweden an och vun eisem Noper Däitschland. Wéi et heescht, géif Däitschland, méi genee de KiKA, d'Show awer trotzdeem live iwwerdroen, och wann ee kee Kënschtler géif dëst Joer op Tiflis schécken.
Kroatien op der anerer Säit ass dann zënter 2014 eng éischte Kéier nees dobäi, iwwregens dat Land, dat den éischte Junior ESC am Joer 2003 gewonnen huet. De Kandidat gouf dann och schonn ausgewielt: D'Land wäert den 10 Joer jonke Marino Vrgoč, de Gewënner vun dëser Editioun vun "The Voice Kids" a Kroatien, an d'Course schécken.